Gimouille
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Kierch vu Gimouille | |||||
Land | ![]() | ||||
Regioun | ![]() | ||||
Departement | ![]() | ||||
Arrondissement | Nevers | ||||
Kanton | Nevers-3 | ||||
Postcode | 58470 | ||||
Gemengecode | 58126 | ||||
Koordinaten | 46° 56’ 36’’ N 03° 05’ 05’’ O | ||||
Fläch | 1 426 ha | ||||
Bevëlkerung | 471 (2010) |
Gimouille ass eng franséisch Gemeng am Departement Nièvre an der Regioun Bourgogne-Franche-Comté.
Hydrogaphie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng läit um Zesummelaf vum Allier mat der Loire. Am Norde mécht d'Loire d'Grenz mat der Nopeschgemeng Marzy am selwechten Departement, an am Weste mécht den Allier d'Grenz mat de Gemenge Cuffy an Apremont-sur-Allier déi allen zwou am Cher leien.
Queesch duerch d'Gemeng leeft de säitleche Loirekanal an nach e puer kleng Baachen déi deelweis an den Allier an deelweis an d'Loire lafen.
Jakobswee
[änneren | Quelltext änneren]Duerch den nërdlechen Deel leeft de GR 654 deen do zum Jakobswee iwwer Limoges gehéiert.
Plazen a Monumenter
[änneren | Quelltext änneren]- D'Waasserschlass Château du Marais aus dem 14. Joerhonnert.
- D'Schlässer Le Colombier, Fertot, La Grâce, Sampanges aus dem 19. Joerhonnert.
- D'Kanalbréck vu Guétin
- D'romanesch Kierch aus dem 12. Joerhonnert
- D'Pastoueschhaus aus dem 18. Joerhonnert
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Nièvre
- Arrondissementer am Departement Nièvre
- Kantonen am Departement Nièvre
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Nièvre
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gimouille – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Uertschaft virdrun Nevers |
Jakobswee Via Lemovicensis |
Uertschaft duerno Apremont-sur-Allier |