Gottesuerteel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Gottesuerteel ass eng al Geriichtspraxis, bei där et, wann et keng Beweismëttele gouf, d'Entscheedung sollt Gott iwwerlooss ginn.

Dee Brauch ass op e Bibeltext zeréckzeféieren, an deem de Prophéit Jesaja vu Jerusalem Gott zitéiert: "Wann s de duerch d'Waasser geess, sinn ech bei der, wann s de duerch Waasserstréim geess, da rappe se dech net mat fort. Wann s de duerch Feier geess, gëss de net gesengt, keng Flam wäert dech verbrennen." D'Kathoulesch Kierch huet sech awer no an no vum Gottesuerteel distanzéiert, an um Laterankonzil vun 1215 goufe Gottesuerteeler vun der Kierch verbueden. Besonnesch de Brauch vum Duell huet sech an Europa nach bis an dat 19. Joerhonnert gehalen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gottesuerteel – Biller, Videoen oder Audiodateien