Gozo
Ausgesinn
| Gozo | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Geographie | |
| Kontinent | Europa |
| Land | Malta |
| Läit an/am | Mëttelmier |
| Gehéiert zu | Malta, Malteesesch Inselen |
| Koordinaten | 36°2'42"N, 14°15'32"O |
| Fläch | 67 km² |
| Küstelängt | 14 km |
| Längt | 14 km |
| Breet | 7,25 km |
| Verwaltung | |
| Demographie | |
| Awunner | 31.446 |
| Awunnerdatum | 2015 |
| Aner Informatiounen | |
| Zäitzon | UTC+1 |
|
| |
|
| |

Gozo (Malteesesch: Għawdex [ˈaʊːdeʃ]) ass déi zweetgréisst Insel vum Malteeseschen Archipel a gehéiert zur Republik Malta. D'Inselhaaptstadt Viktoria (fréier Rabat) gouf vun den Araber um Castle Hill gebaut.
D'Landschaft besteet aus Hiwwelen, Däller a Klippen. D'Insel huet eng Fläch vu 67 km².
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Archeologesche Musée: Ausstellung vu Bijouen, Mënzen an anere Gebrauchsgéigestänn. Ausstellungsstécker vun den Ausgruewunge vun den Tempele vu Ggantija.
- D'Zitadelle: Historescht Gebai aus dem 15. Joerhonnert.
- Xerris Grotto: Alabasterhiele bei Xaghra.
- D'Basilika Ta'Pinu: eng vun de schéinste Kierchen op Malta
- Blo Fënster vu Gozo
Tourismus
[änneren | Quelltext änneren]Gozo ass ideal fir Touristen déi gär eng roueg a gemittlech Vakanz hunn. Déi beléiftste Plaz ass d'Fëscherduerf Marsalforn un der Nordküst vu Gozo.
Déi bekanntst Plagë sinn I-Qawra mat héije Klippen a kristallklorem Waasser, Ir-Ramla I-Hamra mat engem schéine Sandstrand a Xlendi Bay.
- Gozo
-
Klippen op der Westküst
-
Basilika Ta'Pinu
-
Gebel Ben Gorg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Kuckeswäertes (englesch)
| Commons: Gozo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
