Grandes Rames

Vu Wikipedia
Grandes Rames
Land Belsch
Gemeng Verviers
Adress Rue des Grandes Rames
Rue des Hospices
Koordinaten 50°35'46,23"N, 5°52'16,60"O
Zweck Wunnengen


Grandes Rames ass e fréiere Lieu-dit, an haut e Stroossennumm an den Numm vun engem Gebaierkomplex an der Gemeng Verviers. De Komplex besteet aus zéng Haiser déi Les grandes rames genannt ginn an déi traditionell als déi eelst Aarbechtercité am westlechen Europa ugesi gëtt.

D'Cité déi aus zéng Haiser besteet, ass am Vervieter Quartier Prés-Javais riets a lénks vun der Rue des Hospices, mat Entréeë fir déi riets Haiserei an där Strooss a fir déi lénks an der Rue des Grandes Rames. 1996 gouf mat enger Restauréierung vun den Haiser déi komplett delabréiert waren ugefaangen, a sou ass aus der aler Cité mat 160 Wunnengen e moderne soziale Wunnensgsbau mat 50 Wunnengen entstanen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Grandes Rames ass, wéi souvill Nimm zu Verviers, aus den Aktivitéite vun der Woll- an Duchindustrie ofgeleet. D'Ramme ware Gesteller déi laanscht d'Vesdre stoungen, fir d'Dicher, wa se gewäsch waren, opzehänke fir ze dréchnen. Op anere Plazen an der Noperschaft wéi zu Ensival goufen déi Gesteller Weine genannt. Den Terrain fir d'Rammen opzeriichte war e Kaddo vum Lécker Prënzbëschof aus dem Joer 1522. Well d'Installatiounen an engem miserabelen Zoustand an um Verfale ware gouf decidéiert alles ewechzerappen a wéinst der deemools akuter Wunnengsnout bedingt duerch eng massiv Zouwanderung vun Textilaarbechter, eng Aarbechtercité ze bauen. Mam Bau gouf 1808 ugefaangen.[1]. Sou entstoungen zwou Haiserreie mat allkéiers fënnef véierstäckegen Haiser an deenen op all Stack véier Wunnenge waren.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Le Patrimoine Monumental de la Belgique (N°11)