Guido vun Arezzo
De Guido vun Arezzo, och nach (Guido) Aretinus a Guido Monaco genannt, gebuer esou ëm 992 a gestuerwe géint 1050, war en italieenesche Benediktinerpater a Musekstheoretiker, deen déi éischt modern Schreifweis fir de Gregorianesche Choral erfonnt huet.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Guido vun Arezzo ass 1020 an d'Abtei Santa Maria zu Pomposa an Italie gaangen, wou hie studéiert huet. Duerno konnt en op Ufro vum Bëschof Theobald vun Arezzo, Professer op der Kathedralsschoul zu Arezzo ginn. Do huet hien dann och (1025-1026) säin Haaptwierk Micrologus de disciplina artis musicae geschriwwen. Duerch dëst Wierk gouf hien dann och am Joer 1028 vum Poopst Johannes XIX op Roum invitéiert. Op deem Treffe konnt de Guido vun Arezzo sech virum Poopst behaapten, andeems e sot datt seng Schreifweis reliéisen Hannergrond hätt. Seng Véier-Linnen-Technik géif fir d'Dräifaltegkeet stoen, an déi véiert Linn fir d'Helleg Jongfra.
Nodeems hien d'Unerkennung vum Poopst krut, huet konnt hie sech ganz der Musekstheorie widmen, an huet e weidert bedeitend Wierk geschriwwen: Epistola Guidonis Michaeli monacho de ignoto cantu directa ass haut als Solmisatiounstechnik bekannt, et geet ëm d'Téin vun engem Hexachord mat den Ufangssilbe vun den Zeile vum Johannes-Hymnus Ut queant laxis, deemools ut, re, mi, fa, sol, la, si. Haut mat dem zum Do ëmbenannten ut erweidert d'Gamme zu do-re-mi-fa-so-la-si-(do). Virum Guido vun Arezzo goufen als musikalesch Notatiounen, d'Neume benotzt, vun deenen een net genau ofliese konnt, wéi laang oder wat fir eng Tounhéicht se huet. Seng Abtei zu Pomposa hat allerdéngs eppes géint déi Notatioun, well se dem deemolege Musekswësse widdersprach huet. Als Hëllef huet hien dann déi Guidonesch Hand entwéckelt, mat där een déi nei Notatioune besser verstanen huet.
Erneierunge vum Guido vun Arezzo
[änneren | Quelltext änneren]Virum Guido vun Arezzo gouf et schonn d'Do-Linn an d'Fa-Linn. D'Neierung vum Guido vun Arezzo war elo, datt en tëscht déi zwou Linnen nach eng Schwaarz gesat huet mat där een d'Terze besser erkennen a liese konnt. Am Fall wou déi 3 Linnen net duergéingen, huet hien nach eng Véiert erfonnt, mat där hirer Hëllef een elo eng ganz Oktav bilde konnt.
E puer Joer drop huet hien och mat Hëllef vun deene vun him entwéckelten Hexachordsystemen all d'Halleftéin bestëmme kënnen. Eréischt duerch seng nei Techniken huet sech d'Westlech Kierchemusek kënne weiderentwéckelen. An eréischt mat senge 4-Linne-Systemer sinn déi westlech Komponiste vu monotonalen an d'meistëmmeg Kompositiounen iwwergaangen.
Eendausend Joer duerno ginn ëmmer nach deelweis d'Gregorianesch Choräl an där 4-linneger amplaz vun der aktueller 5-linneger Notatioun benotzt.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Micrologus de disciplina artis musicae
- Prologus in Antiphonarium
- Regulæ rythmicæ
- Epistola ad Michaelem
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Guido vun Arezzo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- Wege zur Musik: Oberstufe Band 1, Helbling, Edition, Verlagsgesellschaft mbH, ISBN 3900590109