Gustave Elsen

Vu Wikipedia
Gust Elsen (1912-1997)

De Gustave Elsen, gebuer de 17. Oktober 1912 zu Iechternach,[1] an do gestuerwen de 27. Februar 1997[2] war en Iechternacher Bäcker a Lokalpolitiker.

De Gust Elsen gouf de 7. Oktober 1945 an den Iechternacher Gemengerot gewielt, an deem hien 42 Joer laang siégéiere sollt. Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 15. September 1947[3] bis den 11. Mee 1951 (Demissioun).[1]

Als "singing mayor" ass de Gust Elsen an déi kleng Lëtzebuerger Geschicht agaangen, well hien am September 1950 op enger Receptioun fir d'Buergermeeschtere vu Lëtzebuerg, op déi d'US-Botschafterin Perle Mesta an d'amerikanesch Ambassade invitéiert hat, ë. a. de Sole mio[4] an d'Hämelmaous-Léid gesongen hat.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Delleré, G., 1999. À la mémoire de Gust Elsen. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999, S. 297-298.
  • Lorenz, M., 1999. Wi de Gust en gruss Theater- a Gesangkarrière aousgeschlon hat. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999, S. 299-300.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archiv vun der Stad Iechternach.
  2. Delleré 1999.
  3. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  4. Lorenz 1999, S. 300.
  5. J.A. Massard: Aus den frühen Tagen der Echternacher Fastnacht: II. Auf den Spuren des Hämelmausliedes. Lëtzebuerger Journal 2010, Nr. 33 (17. Februar), S. 18. PDF