Gab Delleré

Vu Wikipedia
Gab Delleré
Gebuer 23. Dezember 1926
Gestuerwen 22. Dezember 2010
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Gabriel (Gab) Delleré, gebuer den 23. Dezember 1926 zu Iechternach,[1] a gestuerwen an der Stad Lëtzebuerg den 22. Dezember 2010, war e lëtzebuergeschen Enregistrementsbeamten a Politiker.

De Gab Delleré war 35 Joer laang am Iechternacher Gemengerot. Conseiller gouf hien den 20. Mäerz 1959,[2] a vum 29. Dezember 1972[2] u war hie Schäffen ënner dem Buergermeeschter Robert Schaffner, no deem sengem Doud hie gutt annerhallwe Mound méi spéit Buergermeeschter gouf. Seng Nominatioun krut hien den 20. September 1979, an den 1. Oktober 1979 ass hie vereedegt ginn.[2] Hie blouf Buergermeeschter bis un d'Enn vum Joer 1987. Duerno war hien nach bis Enn 1993 als Conseiller am Gemengerot.

Zesumme mam Camille Linden huet de Gab Delleré 1948 d'Jeunesse démocratique gegrënnt, déi hien och eng Zäit laang presidéiert huet. Hie war och President vum Ostbezierk vun der DP. Hie war laang Jore Korrespondent vum Lëtzebuerger Journal.[3]

De Gab Delleré, deen de Fils vum Iechternacher Professer Michel Delleré an der Barbe Reding war, hat sech den 10. Juli 1975 mat der Mathilde (Tilly) Theisen bestuet.[1]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Delleré, G., 1950. Streik am Iechternacher Kolle'sch. In: Rappel, Organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques, 5 (6), décembre 1950, S. 263-266.
  • Delleré, G., 1989. À la mémoire d'Albert Wirtz, † le 23 janvier 1989. Luxemburger Wort 1989, Nr. 33 (10. Februar), S. 10.
  • Delleré, G., 1992. Les insurgés de ‘42. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 307-319.
  • Delleré, G., 1996. Au fil des pages quotidiennes et périodiques. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1995, S. 200-205.
  • Delleré, G., 1997. Au fil des pages quotidiennes et périodiques. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1996, S. 225-235.
  • Delleré, G., 1999. À la mémoire de Gust Elsen. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999, S. 297-298.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • asc/raz, 2010. Gab Delleré †. Luxemburger Wort 2010, Nr. 300 (24. Dezember), S. 20.
  • Dicken, Nic (nd.), 2010. De Gab ass dout. Lëtzebuerger Journal 2010, Nr. 250 (28. Dezember), S. 4. [2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archiv vun der Stad Iechternach
  2. 2,0 2,1 2,2 M. Gab Delleré, bourgmestre d'Echternach, a prêté serment. Le Républicain lorrain (Luxembourg), 2. Oktober 1979; Neuer Bürgermeister der Stadt Echternach gestern vereidigt. Luxemburger Wort, 2. Oktober 1979.
  3. „Äddi, léiwen Här Anen“. Ehemaliger „Journal“-Direktor und Chefredakteur im Alter von 88 Jahren verstorben. Lëtzebuerger Journal 2015, Nr. 24 (29. Januar), S. 9. [1]