Michel Delleré
Michel Delleré | |
---|---|
Gebuer |
15. August 1894 Néngsen |
Gestuerwen |
1. Juli 1982 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
De Michel Delleré, gebuer de 15. August 1894 zu Néngsen, gestuerwen den 1. Juli 1982 zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Professer a Literat[1].
De Professer
[änneren | Quelltext änneren]No senge Secondairesstudien am Iechternacher Kolléisch an um Cours supérieur an der Stad, huet de Michel Delleré op den Universitéite vu München, Paräis an Nanzeg studéiert. Säi Lëtzebuerger Doktorat huet hien 1921 gemaach, mat Franséisch a Latäin als Spezialitéit. 1923 ass hie Repetent zu Iechternach ginn, wou hien och seng Nominatioun als Professer, den 1. September 1926, krut an do bis zu senger Pensionéierung am Joer 1959 enseignéiert huet[2].
De Michel Delleré hat sech de 26. Februar 1924 zu Dikrech mat der Barba Berthe Reding (*1891), bestuet; d'Koppel hat ee Jong, de Gab Delleré[3].
Am 2. Weltkrich
[änneren | Quelltext änneren]Am Zweete Weltkrich war de Michel Delleré vum Januar bis de Juli 1942 vum däitschen Okkupant op Heinsberg deplacéiert ginn; vum September 1942 u bis de Juli 1943 war hien nees zu Iechternach, duerno gouf hien an d'Escher Industrieschoul geschéckt, wou hie vum August 1943 bis de September 1944 huet bleiwe mussen[2].
De Michel Delleré war ee vun deene véier Iechternacher Professeren, déi no de Schüler vum Iechternacher Kolléisch hirem Proteststreik vum 1. September 1942 vun der Gestapo verhaft gi sinn. Déi dräi aner waren de Jos Hoffmann, den Antoine Weis an den Alphonse Schmit, deen de 5. September 1942 higeriicht ginn ass[4], wärend seng dräi Kolleegen den 3. September nees fräigelooss gi waren[5].
Den Auteur
[änneren | Quelltext änneren]De Michel Delleré huet eng Rei vu klengen Artikele publizéiert, mä awer och eng gréisser Etüd iwwer d'Stad Iechternach ënner der Fuchtel vun de franséische Revolutiounstruppen tëscht dem August 1794 an dem Juni 1795[6].
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Echternach sous un régime de conquête: (août 1794 - juin 1795). In: Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1931-1932 / Gymnase grand-ducal d'Echternach = Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1931-1932 / Grossherzogliches Gymnasium zu Echternach. J. Beffort, Luxembourg 1932, S. 1-42.
- Echternach sous un régime de conquête: (août 1794 - juin 1795). P. Faber, Grevenmacher 1932, 42 S.
- Alphonse Schmit (23.9.1908 - 5.9.1942). In: Journal de l'Association des Professeurs, 36 (1948), S. 17-19.
- Souvenirs. In: Les Cahiers luxembourgeois, 1958, N° 1, S. 113-123.
- Echternach et la Sûre. In: Fédération des Sapeurs-Pompiers du Grand-Duché de Luxembourg: 45e Congrès national, Echternach, 28-29 septembre 1963, S. 31-34.
- Max Menager, professeur de musique au Gymnase d'Echternach, 1874-1963. In: Harmonie municipale Echternach, 1872-1972: témoignages et présences. Luxembourg 1972, S. 20-21.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 1-125 (Delleré Michel: S. 20-21).
- Thinnes, M., 1982. À la mémoire de Michel Delleré, professeur honoraire du Lycée classique Echternach. Luxemburger Wort 1982, Nr. 176 (3. August), S. 4.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuerts- a Stierfdatum laut: État civil vun Iechternach respektiv GeneaNet, Claude Lanners: Michel Delleré. Gekuckt: 20.11.2011. [1]. — De Félix Heuertz [Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922, Luxembourg 1922, S. 10], den Nicolas Didier (Le gymnase d'Echternach de 1901 à 1926. Travail statistique. Luxembourg 1926, S. 23) an de Charles Lang 1967, S. 20, ginn iertemlecherweis de 5. August 1894 als Gebuertsdag un.
- ↑ 2,0 2,1 Lang 1967, S. 20-21.
- ↑ GeneaNet, Claude Lanners: Michel Delleré. Gekuckt: 20.11.2011
- ↑ Kauthen, P., 1992. Du Collège au Lycée classique. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, S. 146ss.
Thinnes 1982
Kuckt och: Lycée classique d'Echternach: L'école pendant l'occupation nazie. [2]. - ↑ Delleré, G., 1992. Les insurgés de ‘42. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 314.
- ↑ Wilhelm, F., 1988. Si Echternach m'était conté...(8): Journée des Anciens. In: Die Warte 1988, 41, 29/1504 (10. November), S. 2.
Wilhelm, F., 1992. Nos professeurs écrivains. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 441ss.