Hänkbréck vu Bourg-Saint-Andéol

Vu Wikipedia
Hänkbréck vu
Bourg-Saint-Andéol
Informatiounen
Land Frankräich
Plaz Bourg-Saint-Andéol
Pierrelatte
Geographesch Lag 44° 22’ 09.80’’ N
      04° 38’ 56.38’’ O
Längt 261,50 m.
Breet 5,50 m.
Archtitekten &
Ingenieuren
Bruno Plagniol
Marc Seguin & Bridder
Typ Hänkbréck
Material Stol / Hasteng / Holz
Baujoer 1830
Zertstéiert 15. August 1944
Restauréiert 1945
Ofgerappt 1971
Kategorien
Brécken a Frankräich Hänkbrécken

D'Hänkbréck vu Bourg-Saint-Andéol war eng Bréck an der Ardèche an an der Drôme iwwer de Rhône.

Si huet Bourg-Saint-Andéol an der Ardèche mat Pierrelatte an der Drôme verbonnen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Bréckebau geet op eng Autorisatioun vum 4. Abrëll 1828[1] zeréck. Den Zouschlag fir de Bau war mat enger Exploitatiounskonzessioun op 99 Joer verbonnen. D'Käschte waren op 180.000 franséisch Frang geschat ginn an et gouf eng Subventioun vu ronn 65.000 Frang[2]. De 27. Abrëll 1830 ass d'Bréck fir de Verkéier opgaangen. Bei engem Bombardement vun den Alliéierten de 15. August 1944 waren zwee Felder vun der Bréck zerstéiert ginn. 1945 gouf d'Bréck provisoresch gefléckt, war awer ëmmer an engem schlechten Zoustand. 1971 gouf eng nei Bréck gebaut an d'Hänkbréck gouf ewechgerappt.

Technesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Bréck war eng Hänkbréck déi a stole Kabelen houng. Se hat dräi Felder mat de Spanwäiten 88,90 - 85,70 a 87,00 m. D'Pilieren, déi mat Hasteng gebaut waren, haten d'Form vu monumentale Béi. Et stoung een op all Kapp, an zwéin am Floss. Den Tablier huet aus Eisendunne bestanen, an d'Fuerbunn déi 4,50 Meter breet war, war mat Holz gedeckt. Op all Säit war en Trottoir vun engem hallwe Meter breet.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Grattesat, Guy (dir.). Ponts de France. Paris: Presses de l'École nationale des Ponts et Chaussées, 1982 p. 122
  • Kirchner, R. Quelques réflexions sur la construction des ponts du Rhône français. Les Études rhodaniennes, 1948, vol. 23, n° 1-2, p. 5-13 p. 7
  • Marrey, Bernard. Les ponts modernes 18e-19e siècles. [Paris]: Picard Éditeur, 1990 p. 135

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bulletin des lois 1928
  2. Art et histoire