Hëllef:Internationaliséierung

Vu Wikipedia

Wann et zu engem bestëmmten Thema Artikelen a verschidde Sprooche ginn, fënnt een an der Regel sougenannt Interlanguage-Linken ënner dem Titel "Aner Sproochen" an der lénkser Kolonn. Éiert een sou e Link setzt, soll ee sécher sinn, datt d'Artikelen wierklech dat selwecht Thema behandelen.

D'Setze vu Linken op aner MediaWiki-Projete a Wikie gëtt op der Säit Hëllef:Interwiki-Linken erkläert.

Interlanguage-Linke setzen[änneren | Quelltext änneren]

Aner Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

An engem lëtzebuergeschen Artikel kann op en engleschsproochege Pendant verwise ginn. Déi Linke stinn an der lénkser Kolonn ënner dem Menü. Déi passend Okkierzunge vun de Sproochen (ISO 639) fënnt een op der Säit List of Wikipedias vu Wikimedia. Interlanguage-Linke sollen alphabetesch no der Ofkierzung zortéiert ginn.

Inline-Linken[änneren | Quelltext änneren]

En direkte Link op en Artikel an enger anerer Sprooch schreift een sou : [[:en:Article in English|Artikel op Englesch]] a gesäit sou aus: Artikel op Englesch. Mä opgepasst: sou Linken soll een net an Artikele setzen! Si solle just op Diskussiounssäiten oder op Meta-Säiten agesat ginn. An engem Artikel soll een ëmmer Artikelen an der selwechter Sprooch verlinken, egal ob et se gëtt oder net. Roud Linke sinn en Ureiz fir se blo ze maachen an domat e wichtege Motor vun der Weiderentwécklung vun enger Wiki.