HD 45350 b

Vu Wikipedia
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
HD 45350 b
Stärebild Auriga (Aur)
Allgemeng Donnéeën
Rektaszensioun 97,19046301994001 Grad
Deklinatioun 38,96296190187834 Grad
Orbitdaten
Zentralstär HD 45350
Exzentrizitéit 0,778 (± 0,009)
Ëmlafdauer 890,76 (± 37,42) d
Physikalesch Eegenschaften
Mass 1,79 (-0.14 +0.14) MJ
Geschicht
Entdecker Geoffrey Marcy, R. Paul Butler, Steven S. Vogt et al.
Entdeckungsjoer 2005


Den HD 45350 b ass en Exoplanéit, dee ronn 160 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech, am Stärebild Auriga läit. Nom engem Opruff vun der Internationaler Astronomescher Unioun fir Exoplanéiten an hir Stären ze „deefen”, krut en am Dezember 2019 offiziell den Numm Peitruss[1],[2][sic]. D'Klass 3B vum Joergang 2019-2020 vum Iechternacher Lycée hat dee Concours gewonnen. D'Schüler déi matgehollef hunn den Numm erauszesiche waren de Lucien Nicolas Berger, d'Léna Boucq Kieffel, de Ben De Boer, de Cédric Delhez, den Nicolas Delhez, de Sergio Manuel Dias Costa, de Pierre Fusshoeller, d'Jil Menei, de Philippe Schaack an d'Claire Zeien.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit gouf den 20. Januar 2005 vun ë. a. dem Geoffrey Marcy, R. Paul Butler a Steven S. Vogt entdeckt. En huet eng Mass déi ongeféier 1,79-mol méi grouss ass wéi déi vum Jupiter. Déi mëttel Distanz vum Planéit bis bei de Stär ass méi grouss wéi d'Distanz tëscht dem Mars an der Sonn, awer d'Exzentrizitéit vun der Ëmlafbunn ass ganz bemierkenswäert. Bei der Periapsis ass de Planéit sou no beim Stär wéi de Merkur vun der Sonn ewech ass, awer bei der Apoapsis ass d'Distanz 8 mol esou grouss. Et besteet keen Zweiwel, datt Joreszäiten um Planéit extrem wieren.

Den HD 45350 b kreest an enger Ëmlafzäit vun ronn 891 Deeg ëm seng Sonn HD 45350 (Lucilinburhuc).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Ein Planet namens "Péitruss" op wort.lu de 17. Dezember 2019
  2. Luxembourg - Approved Names op der Websäit vun der IAU