Halton Arp

Vu Wikipedia
Halton Arp
Gebuer 21. Mäerz 1927
New York
Gestuerwen 28. Dezember 2013
München
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit USA, Däitschland
Educatioun California Institute of Technology,
Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom
Member vun Academia Europaea

Den Halton Christian Arp gebuer den 21. Mäerz 1927 zu New York a gestuerwen den 28. Dezember 2013 zu München[1], war en US-amerikaneschen Astronom.

Den Arp huet op der Harvard Universitéit (B.A., 1949) studéiert an am CalTech (Ph.D., 1953). Duerno gouf hie am Joer 1953 wëssenschaftleche Mataarbechter vun der Carnegie Institution of Washington, fir déi hien am Mount Wilson-Observatoire an am Palomar-Observatoire gefuerscht huet.

Am Joer 1955 gouf hie Fuerschungsassistent op der Indiana University a 1957 Beamten um Palomar-Observatoire, wou hien 29 Joer laang geschafft huet. Zanter 1983 huet hien als onbezuelte Gaaschtwëssenschaftler am Max-Planck-Gesellschaft (MPA) zu Garching bei München an Däitschland geschafft.[2]

Den Arp ass bekannt fir déi ëmstridden Theorie, datt d'Routverrécklung vun astronomeschen Objete wéi vu Quasaren net ganz grouss Distanzen uweisen. Domat bestreit hien eng vun de Grondlage fir d'Urknalltheorie. Geneesou vertrëtt hien eng alternativ Gravitatiounstheorie am Sënn vun der Le-Sage-Gravitatioun.

Hien huet och e Katalog mat ongewéinleche Galaxien zesummegestallt: den Atlas of Peculiar Galaxies.

Auszeechnung[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Big-bang-defying giant of astronomy passes away
  2. Archive copy Gearchiveerd op 2007-12-01. Gekuckt de(n) 2014-01-26.