Hannah Arendt

Vu Wikipedia
Hannah Arendt
Gebuertsnumm Johanna Arendt
Gebuer 14. Oktober 1906
Gestuerwen 4. Dezember 1975
Upper West Side
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitschland, USA, keng
Educatioun Universitéit vun Heidelberg,
Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg,
Philipps-Universitéit Marburg
Aktivitéit Philosoph, Historiker, Schrëftsteller, Politolog, Essayist, Universitéitsprofesser, Soziolog, politeschen Theoretiker, Auteur
Member vun American Academy of Arts and Letters, Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Günther Anders

D'Johanna ("Hannah") Arendt, gebuer de 14. Oktober 1906 zu Linden bei Hannover a gestuerwen de 4. Dezember 1975 zu New York, war eng däitsch, méi spéit US-amerikanesch, Philosophin a politesch Theoreetikerin.

D'Hannah Arendt ass 1933, nodeems d'Nazien un d'Muecht koumen, fir d'éischt a Frankräich, an 1940 an d'USA emigréiert, wou si 1951 naturaliséiert gouf. Nodeems se e puer Joer fir jiddesch Organisatioune geschafft hat (ë. a. als Fuerscherin a Lektorin), war si Journalistin an huet politesch Theorie enseignéiert, an ass virun allem fir hir Aarbechte bekannt, an deene se sech mam Totalitarismus auserneesetzt: wéi en entsteet, wéi e fonctionéiert, asw.

Besonnesch Opmierksamkeet an och Kritik krut si fir d'Theorie vun der "Banalitéit vum Béisen", déi se am Buch Eichmann in Jerusalem entwéckelt huet, an an deem se de Prozess vum Adolf Eichmann beschreift, bei deem si als Reporterin fir d'Zäitschrëft The New Yorker dobäi war. D'Kärausso ass, datt et net d'Béisheet u sech ass, mä éischter d'Indifferenz an d'Onfähegkeet iwwer d'Konsequenze vu sengem Handelen ze reflektéieren, déi et erméiglecht hunn, datt den Eichmann ee vun de gréisste Verbriecher vun der Mëschheet hätt kënne ginn.

Hiert philosophescht Haaptwierk ass Vita activa oder vom tätigen Leben. Si huet ë. a. och zum Existenzialismus an zu der Situatioun am Noen Osten geschriwwen.

Auswiel vu Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1951 - The Origins of Totalitarianism
  • 1953 - The Difficulties of Understanding
  • 1955 - Men in Dark Times
  • 1958 - The Human Condition
  • 1961 - Between Past and Future, Eight Exercises in Political Thought
  • 1963 - Eichmann in Jerusalem: A Report on the Banality of Evil
  • 1963 - On Revolution
  • 1969 - Crises of the Republic
  • 1969 - On violence

Postuum[änneren | Quelltext änneren]

  • 1978 - The Life of the Mind
  • 1982 - Lectures on Kant's Political Philosophy
  • 2007 - The Jewish Writings. Jerome Kohn and Ron H. Feldman (ed.). Schocken Books; 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hannah Arendt – Biller, Videoen oder Audiodateien