Haupeschkierch vun Dummeldeng

Vu Wikipedia
Kierch vun Dummeldeng

Uertschaft / Plaz Dummeldeng
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Koordinaten 49° 38’ 02.3’’ N
      06° 08’ 17.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Lëtzebuerg-Dummeldeng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zu Dummeldeng op der Kraizung vun der rue du Château mat der rue des Hauts-Fourneaux, dem CR233. Op der Plaz virun der Kierch steet den Haupeschbuer.

Zur fréierer Par Weimeschkierch hunn ausser der Filial Dummeldeng och nach d'Kierch vu Weimeschkierch, d'Kierch vum Kierchbierg an d'Kierch aus der Millebaach gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Kierch staamt aus dem Joer 1891 an huet eng Kapell ersat, déi 1777 gebaut gouf. 1949 gouf se restauréiert. 1951 huet s'eng Kräizegungszeen vum Hans Lechner derbäi kritt.

An de Joren 1970-1972 gouf se un déi nei liturgesch Bestëmmunge vum 2. Vatikanesche Konzil ugepasst. 1984 an 1985 ass se bannendra renovéiert ginn an zum Ofschloss vun deenen Aarbechten ass de 14. Juli 1985 den Altor vum Äerzbëschof Jean Hengen konsekréiert ginn.

Fir d'Honnertjoerfeier vun der Kierch ass de 16. Mee 1990 vum Kiercherot d'Uschafung vun enger drëtter Klack decidéiert ginn. Déi nei Klack gouf den 21. Dezember 1991 vum Äerzbëschof Fernand Franck ageweit. D'Klacke lauden am Schlagtoun do, la, sol.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haupeschkierch vun Dummeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien