Helios (Satellit)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Den Helios-I-Satellit

Helios ass den Numm vun enger franséischer Serie vun opteschen Opklärungssatellitte bei deenen d'Belsch, Spuenien, Italien an Däitschland och e puer Benotzerrechter hunn.

Déi maximal Opléisung vun den Hélios-1-Satellitten ass 1 m, d'Schwadebreet 10 km. D'Satellitte vun der Helios-II-Generatioun hunn eng verbessert Opléisung vu 35 cm[1], a méi eng héich Dateniwwerdroungsquote souwéi Infraroutsensore fir Nuetsfotoen. D'Satellitte kreesen op enger Héicht vu 700 km an enger sonnesynchroner Ëmlafbunn ëm d'Äerd. D'Käschte pro Satellittesystem gi mat enger Milliard Euro berechent.

EADS Astrium krut vun der franséischer DGA an der nationaler franséischer Weltraumagentur CNES den Zouschlag als Haaptentreprener fir Helios, souwuel fir d'Satellitte wéi och fir d'Benotzerbuedemsegment, dat bis 2018 vun Astrium bedriwwe gëtt.

Den éischten Helios-1-Satellit gouf de 7. Juli 1995 an de Weltraum bruecht. Den éischten Helios-II-Satellit gouf Enn 2004 gestart, fir den Ausfall vum Helios 1B ze kompenséieren. Dee gouf den 3. Dezember 1999 gestart a no engem Feeler an der Stroumversuergung am Oktober 2004 aus dem Helios-1A-Orbit ewechgeholl.

Helios-Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Missioun Start (UTC) Drorakéit NSSDC-ID
Helios 1A 7. Juli 1995 Ariane-40 1995-033A
Helios 1B 3. Dezember 1999 Ariane-40 1999-064A
Helios 2A 18. Dezember 2004 Ariane-5G+ 2004-049A
Helios 2B 18. Dezember 2009 Ariane-5GS 2009-073A

Déi europäesch Helios-Zentralen an hir Standplazen[änneren | Quelltext änneren]

Duerch bilateral Ofkommen kënnen d'Informatioune vum däitschen SAR-Lupe-System a vun den italieenesche COSMO-Skymed-Satellitte vun all de bedeelegte Länner ofgeruff ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Niklas Reinke: Geschichte der deutschen Raumfahrtpolitik. Konzepte, Einflussfaktoren und Interdependenzen: 1923-2002, München 2004, ISBN 3-486-56842-6

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. AVIATION WEEK & SPACE TECHNOLOGY, 23. Februar 2009, S.37