Henri Kraus
Ausgesinn
| Henri Kraus | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
9. Februar 1943 Hollerech |
| Gestuerwen |
9. Februar 2024 Belair |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Moler |
| Auteursrechter | Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt |
| Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
| Gielercher | Prix Grand-Duc Adolphe |
|
| |
Den Henri (Jean) Kraus, gebuer den 9. Februar 1943 zu Hollerech, a gestuerwen den 9. Februar 2024[1][2][3], war e lëtzebuergesche Moler, Zeechner a Konschterzéier.
No sengem Secondaire am Stater Kolléisch huet hien zu Nanzeg op der École nationale des beaux-arts et des arts appliqués Konscht studéiert.
Fir déi monumental bronze Skulptur vun der Nina Grach-Jascinsky virum Kolléisch, déi Datzemisch vun der Schoulkommunautéit genannt gëtt, stoung den Henri Kraus Modell.
1975 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt an 1977 de Premier prix de la peinture op der Biennale des Jeunes zu Esch-Uelzecht.
Hie war Member vum Cercle artistique de Luxembourg[4].
-
Bronze Skulptur virum Stater Kolléisch (2010).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Den Henri Kraus ass dout, Tageblatt 19.02.2024, S. 11.
- ↑ Marc Thill, Nora Schloesser, Luxemburger Kunstszene in Trauer, „Den Datzemischi ass doud“: Der Künstler Henri Kraus war sein Modell. wort.lu (19.2.2024). Gekuckt den 19.2.2024.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort, 21.2.2024
- ↑ Lëscht vun de membres titulaires vum CAL Archivéiert den 22.07.2011. Gekuckt den 13.10.2010.
