Huccorgne

Vu Wikipedia
Huccorgne
Huccorgne vu Süde gesinn
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Huy
Gemeng Wanze
Koordinaten 50° 34’ 02’’ N
      05° 09’ 52’’ O
Postcode 4520

Huccorgne, op Wallounesch Houcoigne, ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Wanze an der Provënz Léck.

Huccorgne war bis zur belscher Gemengereform vun 1977 eng eegestänneg Gemeng.

D'Uertschaft war zesumme mat Moha eng vun de Plazen op deenen d'Paleonthologe Julien Fraipont a François Tihon Ausgruewunge gemaach hunn, bei deene se no virgeschichtleche Reschter gesicht hunn.

Huccorgne läit am Parc naturel des vallées de la Mehaigne et de la Burdinale, an engem Hank um lénksen Uwänner vun der Mehaigne, do wou d'Burdinale draleeft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Huccorgne – Biller, Videoen oder Audiodateien