Huel Lee

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Huellee vu bannen
Plaz wou e Millesteen ofgebrach gouf.
Dedicace un dem Paul Eyschen seng Regierung (cf. ervirgehuewe Buschtawen) fir d'Uleeë vun Trëppelweeër an der Géigend

D'Huel Lee (dacks nach ënner dem alen däitsche Flouernumm Hohllay ze fannen) ass eng vum Mënsch geschafen Hiel am Lëtzebuerger Sandsteen, iwwert der Äsbech, an der Gemeng Bäerdref.

D'Huel Lee läit südlech vun der Uertschaft Bäerdref, eng 450 m vum CR364 ewech.

An der Huel Lee goufe schonn zënter der Réimerzäit Millesteng gebrach. Um Plafong a laanscht d'Wänn sinn d'Spuren dovu gutt ze gesinn. D'Abtei vum Oeren bei Tréier huet hir Millesteng exklusiv vun do bezunn.[1]

E puer Meter méi wäit erop ass den Amphitheater Breechkaul.


Commons: Hohllay – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hohllay op visitluxembourg.com.