Huel Lee
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Hiel bei Bäerdref. Fir aner Plaze mat deem Numm, kuckt wgl. Huellee. |
Huel Lee | |
---|---|
D'Huellee vu bannen | |
An anere Sproochen |
fr: Hohllay de: Hohllay |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Bäerdref |
Buergermeeschter | Joé Nilles |
Héicht | 312 m |
Koordinaten |
49° 48’ 55.7’’ N 06° 21’ 32.5’’ O |
D'Huel Lee oder Huellee ass eng vum Mënsch geschafen Hiel am Lëtzebuerger Sandsteen, iwwer der Äsbech, an der Gemeng Bäerdref. D'Hiel ass nach dacks ënner dem alen däitsche Flouernumm Hohllay ze fannen, wat sou vill wéi „huele Fiels“ heescht.
D'Huel Lee läit südlech vun der Uertschaft Bäerdref, eng 450 m vum CR364 ewech.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]An der Huel Lee goufe schonn zënter der Réimerzäit Steng gebrach, déi fir de Bau vun de réimesche Villae gebraucht goufen. Wéinst der gudder Qualitéit vum Gestengs goufen am Mëttelalter d'Fielse gebrach fir Millesteng ze maachen. Doduerch, datt e Steebroch do exploitéiert gouf, ass e grousst Areal vun Hielen a Fielsiwwerhäng entstanen.
Um Plaffong a laanscht d'Wänn sinn d'Spuere gutt ze gesinn, wou déi ronn Millesteng erausgebrach goufen. D'Abtei vum Oeren bei Tréier soll hir Millesteng exklusiv vun do bezunn hunn.
Fir e Millesteen hierzestelle gouf fir d'éischt e Krees op de Fiels gezeechent an da gouf déi ronn Form an der gewënschter Déckt an de Stee gemeesselt. Hannert de Stee gouf duerno eng Fou geritzt an déi dréchen hëlze Käiler geklappt goufen. Doduerch datt nach Waasser derbäi geschott gouf, ass d'Holz lues a lues gequollen an huet esou e groussen Drock ausgeüübt, datt de Millestee sech vum Fiels geléist huet[1].
Unerkennung
[änneren | Quelltext änneren]D'Huel Lee war schonn ëmmer e beléiften Treffpunkt vun der Jugend, sou wéi dat op enger Opschrëft an der Fielswand ze liesen ass, déi d'Bäerdrëffer Jugend 1880 ubruecht huet:
Herzliches Vivat!
Einer hohen Regierung,
welche die sehenswerten Schluchten & Hohlwege
dem Publicum zugaenglich gemacht hat.
Die Jugend von Berdorf.
MDCCCLXXX.
Aus de Buschtawen déi ënnerstrach sinn, ergëtt sech den Numm „Eischen Paul“, mat deem sécherlech de fréiere Staatsminister, Paul Eyschen gemengt ass, ee vun den éischte Politiker déi sech agesat hu fir den Tourismus zu Lëtzebuerg ze fërderen.
Aner Veräiner, wéi den däitsche Wanderveräin „Eifelverein“ oder de Museksclub vu Bollenduerf, hunn Erënnerungsschrëften ophänke gelooss.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Aus der Hiel eraus gekuckt.
-
Spuere wou Millesteng ofgebrach goufen.
-
Plaz wou e Millesteen ofgebrach gouf.
-
Dedicace un dem Paul Eyschen seng Regierung.
-
Ërennerung un dem Eifelverein seng Assemblée générale…
-
an dem Museksclub vu Bollenduerf säi Centenaire.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Joseph Colbach, Rob Kieffer, 2020, „Luxemburg : eine Zeitreise – Steine für die Mühlen des Müllerthals”, Luxembourg : Ernster éd., ISBN 978-2-919944-80-4, S. 34-37
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- D'Piteschkummer, eng méi kleng Hiel direkt nieft der Huel Lee;
- D'Breechkaul, en Amphitheater e puer Meter méi wäit erop wéi d'Huel Lee.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Hohllay – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell: Informatiounspanneau bei der Hiel