Ian McKellen

Vu Wikipedia
Ian McKellen
Gebuertsnumm Ian Murray McKellen
Gebuer 25. Mee 1939
Burnley
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Englänner
Educatioun Bolton School
Aktivitéit Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Dréibuchauteur
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Liewenspartner(in) Sean Mathias

De Sir Ian McKellen CBE, gebuer als Ian Murray McKellen de 25. Mee 1939 zu Burnley, an England, ass en englesche Schauspiller.

Dem McKellen seng Karriär am Theater huet an England an den 1960er Joren ugefaangen.

Hie war och vun 1968 un als Schauspiller beim Film aktiv. Richteg bekannt gouf hien awer eréischt 2001 duerch d'Roll vum Zauberer Gandalf an de Filmer The Lord of the Rings: The Fellowship of the Ring (2001), The Lord of the Rings: The Two Towers (2002) an an The Lord of the Rings: The Return of the King (2003), déi allen dräi vum Peter Jackson gedréit goufen. Hien huet d'Roll vum Gandalf nach eng Kéier an de Filmer The Hobbit: An Unexpected Journey (2012), The Hobbit: The Desolation of Smaug (2013) an an The Hobbit: The Battle of the Five Armies (2014) iwwerholl.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ian McKellen – Biller, Videoen oder Audiodateien