Icarus (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Icarus
Koordinaten 5°29'24"S, 173°15'36"W
Duerchmiesser 93,7 km
Selenographesch Längt 174° bei Sonnenopgank
Genannt no Ikarus
Genannt am Joer 1970
Moundvéiereck LQ16


Den Icarus ass en Aschlagkrater op der Récksäit vum Äerdmound a kann dofir net vun der Äerd aus gesi ginn. Hie läit westlech vum risege Krater Korolev. De Krater Daedalus läit manner wéi 200 Kilometer westlech an am Süde läit de méi klenge Krater Amici.

Den Icarus huet en ofgenotzte Kraterrand mat enger zimmlech breeder Kraterwand. Déi baussenzeg Wand huet am Südweste eng liicht Boss no baussen an um südleche Grat ass e klenge Krater. No beim Mëttelpunkt vum Kraterbuedem steet en ongewéinlech héijen Zentralbierg. Deen ass méi héich wéi de Kraterrand, wärend normalerweis d'Zentralbierger am Krater nëmmen d'Hallschent vun der Kraterdéift erreechen. Den iwwrege Kraterbuedem ass a senger Osthallschent relativ flaach an no Weste zou eppes méi onreegelméisseg.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
D 3,84° S, 171,37° W7 69 km [1]
E 5,72° S, 169,29° W7 32 km [2]
H 7,28° S, 169,87° W7 31 km [3]
J 7,34° S, 170,69° W7 29 km [4]
Q 7,97° S, 176° W7 39 km [5]
V 3,77° S, 175,69° W7 37 km [6]
X 2,07° S, 175,17° W7 45 km [7]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]