Iechternacher Séi

Vu Wikipedia
Iechternacher Séi
Land Lëtzebuerg
Verwaltungseenheet Iechternach
Fläch 30 ha
Hydrographie
Zoufloss 3 Quellbaachen
Ausfloss e Gruef an d'Lauterbuererbaach
Lëtschebaach
Inselen 9

Den Iechternacher Séi ass e kënschtleche Séi, dee südwestlech vun der Stad Iechternach, um Fouss vum Bësch Haard, tëscht de Lieu-diten Schwaarzuecht a Lëschen, Enn der 1970er Joren ugeluecht gouf.

Déi zoustänneg Autoritéite wollten domat d'Offer u Fräizäitméiglechkeete fir d'Touriste méi grouss maachen. Polemesch ass bis haut, datt d'Lëschenhaus (deemools Loeschenhaus geschriwwen), e Barockgebai vu 1676, de 17. Mee 1977 op Uerder vum Buergermeeschter Robert Schaffner ofgerappt gouf, well en net an d'Konzept gepasst huet: Eng "Kannerinsel" ass dofir op där Plaz ugeluecht ginn.

Och d'Iwwerreschter vun der Réimervilla, déi bei de Planéierungsaarbechte fräigeluecht goufen, ware bal d'Affer vum Bagger ginn; hir Zerstéierung konnt awer a leschter Minutt verhënnert ginn.

De 24. Februar 2006 gouf déi nei Iechternacher Jugendherberg beim Séi offiziell ageweit.

Zanter 2023 ass et wärend der Buedsaison (Mee-September) erlaabt, op ausgewisene Plazen am Séi ze schwammen.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tim Morizet: "Den Iechternacher Séi geet endlech op, fir ze schwammen." rtl.lu, 02.05.2023.