Op den Inhalt sprangen

Iechternacher Stadmauer

Vu Wikipedia
Plang vu 1560 (J. Deventer) mat der Stadmauer
D'Stadmauer op enger Zeechnung vum Abt Jean Bertels (1544-1607).

Vun der mëttelalterlecher Stadmauer vun Iechternach[1], déi 2360 m laang war[2] a virun där e Gruef war, sinn nach gutt erhale Stécker an der "Hooveleker Buurchmauer" (rue Hooveleker Buurchmauer) an der "Schanzer Buurchmauer" (rue des Redoutes) an a "Kack" ze gesinn.[3]

Vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm[2][3] sinn der fënnef nach gutt erhalen a ginn als Wunneng benotzt resp. un Touriste verlount: een Tuerm an der "rue Jean-Pierre Brimmeyr", zwéin Tierm an der "Hooveleker Buurchmauer" an zwéin Tierm an der "Schanzer Buurchmauer"; d'Ruine vun engem sechsten Tuerm sinn a "Kack" ze fannen. An der "Wollefsgaass" (rue de l'Hôpital) stoung och en Tuerm; deem seng hautdesdaags verstoppte Reschter sinn an d'Récksäit vum Haus Nr. 6 aus der "rue des Remparts" integréiert. Spuere vun engem Tuerm sinn och bannent dem Haus Nr. 10 an der "Haaler Buurchmauer" ze entdecken.[3]

Véier Haaptpaarten hunn aus der Stad eraus gefouert: d'Éischtricher Paart ("Luxemburger Tor" oder "Ehrstraßenpforte"), d'Veianer Paart ("Viandener Tor" oder "Haaler Tor"), d'Hooveleker Paart ("Hooveleker Tor" oder "Trierer Tor") an d'Béibreger Paart ("Bitburger Pforte"). Donieft gouf et nach zwou kleng Paarten: d'Sauerpaart ("Sauertor" oder "Kackher Pförtgen") an der Kacker Buergmauer an d'"Todten Pförtchen" op der "Eewischter Baach" (rue André Duchscher).[2][3]

D'Paarten hunn d'19. Joerhonnert net iwwerlieft; si sinn tëscht 1840 an 1867 ofgerappt ginn, d'Éischtricher Paart am Joer 1851,[4] d'Hooveleker Paart am Joer 1867; si war déi lescht vun de groussen Iechternacher Stadpaarten, déi nach erhale war.[5] D'"Kacker Pförtgen" stoung bis 1854.[3]

En nationaalt Monument

[änneren | Quelltext änneren]

D'Reschter vun der Iechternacher Stadmauer an déi erhalen Tierm goufen de 4. Mäerz 1936 als national Monumenter klasséiert.[6]

Commons: City walls and watchtowers of Echternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Guide touristique officiel de la ville d'Echternach. 3e édition. Société d'Embellissement et de Tourisme d'Echternach, Echternach 1990, S. 39.
  2. 2,0 2,1 2,2 Brimmeyr, J.P., 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen. Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, S. 141ff.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 Mayer, C., 2010. Kanton Echternach. Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Bd. 1. Ein Katalog der erhaltenswerten Kulturgüter und Ensembles. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, Luxembourg 2010, S. 260-266.
  4. Kauthen, P., 1980. Der Abriß des Luxemburger Tores im Jahre 1851. Les Amis du Vieil Echternach, Nr. 9, S. 4-5, 15.
  5. Calteux, G., 1977. Eine Stadt möchte ihr Gesicht bewahren. In: Echternach, notre ville. Livre d'or de la Société d'Embellissement d'Echternach 1877-1977. Impr. Burg, Echternach, S. 185.
  6. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).