Iechternacher Stadmauer
Vun der mëttelalterlecher Stadmauer vun Iechternach[1], déi 2360 m laang war[2] a virun där e Gruef war, sinn nach gutt erhale Stécker an der "Hooveleker Buurchmauer" (rue Hooveleker Buurchmauer) an der "Schanzer Buurchmauer" (rue des Redoutes) an a "Kack" ze gesinn.[3]
Tierm
[änneren | Quelltext änneren]Vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm[2][3] sinn der fënnef nach gutt erhalen a ginn als Wunneng benotzt resp. un Touriste verlount: een Tuerm an der "rue Jean-Pierre Brimmeyr", zwéin Tierm an der "Hooveleker Buurchmauer" an zwéin Tierm an der "Schanzer Buurchmauer"; d'Ruine vun engem sechsten Tuerm sinn a "Kack" ze fannen. An der "Wollefsgaass" (rue de l'Hôpital) stoung och en Tuerm; deem seng hautdesdaags verstoppte Reschter sinn an d'Récksäit vum Haus Nr. 6 aus der "rue des Remparts" integréiert. Spuere vun engem Tuerm sinn och bannent dem Haus Nr. 10 an der "Haaler Buurchmauer" ze entdecken.[3]
Paarten
[änneren | Quelltext änneren]Véier Haaptpaarten hunn aus der Stad eraus gefouert: d'Éischtricher Paart ("Luxemburger Tor" oder "Ehrstraßenpforte"), d'Veianer Paart ("Viandener Tor" oder "Haaler Tor"), d'Hooveleker Paart ("Hooveleker Tor" oder "Trierer Tor") an d'Béibreger Paart ("Bitburger Pforte"). Donieft gouf et nach zwou kleng Paarten: d'Sauerpaart ("Sauertor" oder "Kackher Pförtgen") an der Kacker Buergmauer an d'"Todten Pförtchen" op der "Eewischter Baach" (rue André Duchscher).[2][3]
D'Paarten hunn d'19. Joerhonnert net iwwerlieft; si sinn tëscht 1840 an 1867 ofgerappt ginn, d'Éischtricher Paart am Joer 1851,[4] d'Hooveleker Paart am Joer 1867; si war déi lescht vun de groussen Iechternacher Stadpaarten, déi nach erhale war.[5] D'"Kacker Pförtgen" stoung bis 1854.[3]
En nationaalt Monument
[änneren | Quelltext änneren]D'Reschter vun der Iechternacher Stadmauer an déi erhalen Tierm goufen de 4. Mäerz 1936 als national Monumenter klasséiert.[6]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Schanzer Buurchmauer: ënneschten, 2001-2003 rekonstruéierten Ecktuerm
-
Schanzer Buurchmauer: Tuerm an der Mëtt vun der Mauer
-
Hooveleker Buurchmauer: Tuerm am ënneschten Deel vun der Strooss
-
Hooveleker Buurchmauer: Tuerm am ieweschten Deel vun der Strooss
-
Tuerm an der Éischtricher Buurchmauer (rue J.-P. Brimmeyr)
-
D'Kacker Buergmauer mat Reschter vun engem Tuerm
-
Weekräiz widdert der Buurchmauer
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: City walls and watchtowers of Echternach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Verschlimmbesserung in Echternach. Ein Kommentar zur geplanten „Entlastungsstraße“. Luxemburger Wort 2019-07-13: 14, Nr. 161 (Briefe an die Redaktion).
- Verschlimmbesserung in Echternach. Weblog-Post.
- Kann Echternach sich einen weiteren Denkmalschutz-Skandal leisten?
- Neue Bedrohung für Echternachs historisches Erbe. Weblog-Post.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Guide touristique officiel de la ville d'Echternach. 3e édition. Société d'Embellissement et de Tourisme d'Echternach, Echternach 1990, S. 39.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Brimmeyr, J.P., 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen. Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, S. 141ff.
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 Mayer, C., 2010. Kanton Echternach. Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Bd. 1. Ein Katalog der erhaltenswerten Kulturgüter und Ensembles. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, Luxembourg 2010, S. 260-266.
- ↑ Kauthen, P., 1980. Der Abriß des Luxemburger Tores im Jahre 1851. Les Amis du Vieil Echternach, Nr. 9, S. 4-5, 15.
- ↑ Calteux, G., 1977. Eine Stadt möchte ihr Gesicht bewahren. In: Echternach, notre ville. Livre d'or de la Société d'Embellissement d'Echternach 1877-1977. Impr. Burg, Echternach, S. 185.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).