Interplanetaresche Raum

Vu Wikipedia

Den interplanetaresche Raum (interplanetar aus lat. inter, „(der)tëscht“, a griich. πλανήτης planētēs) ass de Raum, dee sech tëscht verschiddene Planéiten ausbreet. Dee Raum ass mat Klengkierper a Gasen, virun allem mat interplanetarem Stëbs an Deelercher vum Sonnewand gefëllt.

Nieft der Grondbedeitung vum interplanetaresche Raum tëscht zwéi Planéite gëtt de Begrëff och allgemeng als de Raum ugesinn, dee vun engem Planéitesystem ausgefëllt gëtt. Sou gi Missioune vu Sonden als interplanetaresch Raumfaart bezeechent.

Am Fall vun eisem Sonnesystem kann als interplanetaresch Grenz wuel d'Oort-Wollek ugeholl ginn. Hei muss allerdéngs d'Klärung vum Status vun eenzelen transneptuneschen Objeten nach Kloerheet bréngen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Dave Doody: Deep Space Craft - An Overview of Interplanetary Flight. Springer, Berlin 2009, ISBN 978-3-540-89509-1.
  • Gregory L. Matloff: Deep-space probes - to the outer solar system and beyond. Springer, Berlin 2005, ISBN 3-540-24772-6.
  • Fletcher G. Watson: Between the planets. Harvard University Press, Cambridge 1956.
  • Norma Crosby: Interplanetary Travel and Space Weather – Scientific, Technological and Biological Issues. Berlin 2008, ISBN 978-3-540-74877-9.

netinė erdvė]]