Jacques Dollar

Vu Wikipedia
Versioun vum 21:21, 25. Nov. 2018 vum GilPe (Diskussioun | Kontributiounen) (+Infobox; +Autoritéitskontroll).
Jacques Dollar
Gebuertsnumm Jacques François Dolar
Gebuer 3. Dezember 1926
Gestuerwen 18. Februar 2017
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur, Zeechner, Historiker, Auteur


De Jacques Dollar (eigentlech Dolar), gebuer den 3. Dezember 1926 um Bourget bei Paräis a Frankräich a gestuerwen den 18. Februar 2017[1], war en Historiker, Auteur, Zeechner, Moler a Sculpteur. Vu Beruff war hien techneschen Zeechner op der HADIR an duerno op der ARBED.

Am Alter vun eppes iwwer engem Joer koum de Jacques Dollar mat sengen Elteren aus Frankräich op Uewerkuer. Matzen am Zweete Weltkrich (1943) huet hien op der Schmelz ugefaange mat schaffen; hien ass 1983 a Pensioun gaangen. Am Krich war hien an der Resistenz beim Service de renseignements et d'action PI-Men; hie gouf eng Zäit als politesche Gefaangene vun den Däitsche festgehalen.

De Jacques Dollar huet zu Nidderkäerjeng gewunnt, war bestuet a Papp vun zwee Meedercher an engem Jong.

Konschtwierker

Publikatiounen (Auswiel)

  • Les Luxembourgeois et la France de Poincaré à Pompidou; Lëtzebuerg, 1973 (zweemol reéditéiert);
  • Charles de Gaulle, symbole de la grandeur de la France; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1980; 128 Säiten.
  • Vauban à Luxembourg, place forte de l'Europe (1684-1697); Lëtzebuerg, RTL Edition, 1983; ISBN 2-87951-032-5;
  • La prise de Luxembourg par l'armée républicaine; Bascharage, vum Auteur selwer erausginn, 1984;
  • Les intrigues de Louis de Luxembourg, comte de Saint-Paul, connétable de France; Bascharage, beim Auteur, 1985; 232 Säiten, ill.;
  • Bicentenaire du massacre de Differdange; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 1994;
  • La démystification du "Klöppelkrich" (sic) - Le soulèvement des paysans ardennais de 1798; Lëtzebuerg, 1981;
  • Napoléon et le Luxembourg; Lëtzebuerg, 1979;
  • L'exode des Luxembourgeois sur les routes de France en mai 40; Lëtzebuerg, 1990;
  • Josy Goerres et les PI-MEN dans la Résistance; Lëtzebuerg, 1986;
  • Histoire de la "Luxembourg Battery"; zesumme mam Lt-Col. Robert Kayser ; publizéiert mat der Ënnerstëtzung vum 'Ministère de la Force publique' a vum 'Conseil national de la Résistance'; Lëtzebuerg, Imprimerie centrale, 1982;
  • Si le château de Differdange nous était conté; Lëtzebuerg, erausgi vun der ARBED ënner der Schiermherrschaft vun den Déifferdenger Geschichtsfrënn, 1987;
  • Lorsque le bassin minier de la Chiers risquait d'être rattaché à la Belgique ; in: Die Warte / Perspectives, am Luxemburger Wort vum 12. Januar 1989.
  • Jean l'Aveugle; Lëtzebuerg, 1991;
  • Le moulin banal de Bascharage, ancienne enclave barro-lorraine; Lëtzebuerg, 1996;
  • Souvenirs du général Simmer de Rodemack, baron d'Empire ; in: Die Warte / Perspectives, Nr. 36/1829; Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 4. Dezember 1997; ill..
  • Le Général de Lattre de Tassigny et le Luxembourg; in: La Voix du Luxembourg vum 6. Mee 1999;
  • La Simmerschmeltz et les forges d'Ansembourg; in: édité sous les auspices des Administrations communales de Septfontaines et de Tuntange 2000.
  • Bicentenaire de l'École spéciale militaire de Saint-Cyr; in: Die Warte - Perspectives, Nr. 15 / 1998, Luxemburger Wort vum 2. Mee 2002;
  • Chronique de la "Käerjenger Millen"; in: U.N. Käerjeng '97 - 5e anniversaire & inauguration du 1er drapeau ; Käerjeng, 2003; Ss. 71-79 (ill.);

Literatur

  • Un "frontalier des cultures" - Les 75 ans de Jacques Dollar ; (ge) in: Luxemburger Wort vum 3. Dezember 2001;
  • De Jacques Dollar kritt der 80: Dës an déi Säit vun der franséischer Grenz - E klengt Wuert fir en treie Warte-Mataarbechter ; (ni) in: Die Warte - Perspectives Nr. 32 / 2167, am Luxemburger Wort vum 30. November 2006.
  • Scalise, Pino: Äddi Jacques Dolar (1926-2017). Luxemburger Wort 2017-03-04. S. 91.

Referenzen

  1. Luxemburger Wort 2017-02-21, S. 52, Doudesannonce.