James W. Christy

Vu Wikipedia
James W. Christy
Gebuer 15. September 1938
Richmond
Nationalitéit USA
Educatioun University of Arizona
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun

Den James Walter Christy, gebuer am Joer 1938 ass en US-amerikaneschen Astronom.

1978 huet hien am United States Naval Observatoire entdeckt, datt den Zwergplanéit Pluto e Mound huet, deen hie Charon genannt huet. De Christy hat bei der Auswäertung vu fotografesche Placke festgestallt, datt de Pluto eng 'Bëlz' hat. Dat hat op d'Existenz vun engem Mound higewisen.

A modernen Teleskopen, wéi dem Hubble-Weltraumteleskop oder äerdgestëtzten Teleskope mat Adaptiver Optik, kënnen de Pluto an de Charon getrennt duergestallt ginn.

Den Asteroid Christy gouf no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]