Op den Inhalt sprangen

Fritz Mersch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jean-François Mersch)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Jean-François Mersch. Fir de Sportler mam änlechen Numm, kuckt wgl. François Mersch.
Fritz Mersch
Gebuer 20. Mäerz 1862
Gestuerwen 1. Mee 1937
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Distriktskommissär
Famill
Papp Jean Mersch-Wittenauer

De Jean-François Mersch, besser bekannt als Fritz Mersch, gebuer den 20. Mäerz 1862 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 1. Mee 1937, war e lëtzebuergeschen Affekot, Deputéierten an Distriktskommissär[1][2].

Hie war de Jong vum Jean Mersch-Wittenauer.

1889 gouf hie bei Komplemantarwalen, déi wéinst der Demissioun vum Grof vun Aansebuerg als Deputéierten[3], aberuff goufen[4], als eenzege Kandidat vum Kanton Miersch[5]an deem seng Plaz als Vertrieder vum Kanton Miersch an d'Chamber gewielt[6]. Bei de Legislativwale vun 1890 gouf hien dunn och nees gewielt[7].

Den 30. Mee 1895 gouf den Affekot Fritz Mersch (an der franséischer Versioun vum Arrêté als Frédéric Mersch ernimmt) zum Distriktskommissär zu Gréiwemaacher ernannt[8]. Hien ass den 18. Mäerz 1930 pensionéiert ginn a krut den Éierentitel vun där Funktioun.

  • Chevalier de 3e classe de l'Ordre de la Couronne de Prusse

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Biographie vum Fritz Mersch op eluxemburgensia.lu Säiten 319-324
  2. Déi selwecht Biographie vum Fritz Mersch op der Websäit vum Institut Viti-Vinicole Archivéiert den 10.09.2016. Gekuckt den 01.08.2015.
  3. Memorial N°48 vum 26 Oktober 1889
  4. Memorial N°28 vum 14. Mee 1890
  5. Walresultat an der Indépendance luxembourgeoise vum 12. November 1889
  6. Artikel an der Indépendance luxembourgeoise iwwer Validatioun vun de Walen
  7. Walresultater an der Indépendance luxembougeoise vum 10. Juni 1890
  8. Arrêté du 31 mai 1895 portant convocation du collège électoral de Mersch pour l'élection d'un député. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 11.04.2021.
  9. Annonce vum Doud vum Fritz Mersch an der Obermosel-Zeitung vum 4. Mee 1937 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Abrëll 2022