Jean-Georges Pfortzheim

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Baron Jean-Georges de Pfortzheim och als Jean-Georges Pfortzheim bekannt, well hie selwer a Schreiwessen den Titel net gebraucht huet[1], gebuer 1745 um Schlass zu Kolpech, an och do gestuerwen den 29. Mee 1813, war en Offizéier an eng kuerz Zäit Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.

De Georges Pfortzheim war Zaldot a verschiddene Regimenter fir d'éischt am Regiment Saintignon Dragons an duerno an engem anere Regiment. Hien huet den Arméisdéngscht awer opginn well net genuch Mënz vun doheem komm ass. Kuerz duerno bei engem Openthalt zu Léck, huet hie sech vun de Spuenier engagéiere gelooss a krut do well hie Famill mat engem Generol war eng Leitnantsplaz.

An engem Akt vum 17. Juni 1778 gëtt hien als Här vu Falkesteen, mat Wunnsëtz zu Reuland ernimmt.

An engem éischte Bestietnes war hie mat der Marie-Ange d'Orley bestuet († 1794). Duerno huet hien d'Anne Elise de Tornaco, Duechter vum Baron Jean-Théodore de Tornaco de Vervoz bestuet. Duerch dat Bestietnes gouf hien duerch Ierfschaft nom Doud vum Baron Här vu Käerch.

Den 1. Dezember 1790 huet hien d'Herrschaft vu Kleng-Elchert kaaft, a krut d'Recht fir Geriicht zu Nidderkolpech an Uewerkolpech ze halen.

Wéi de Jean Jacques Faber als Riichter um Zivilgeriicht ernannt gouf, krut hien d'Plaz vum Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Déi Zäit wéi hie Buergermeeschter vun der Stad war, hunn d'Fransousen déi zanter dem 1. Juni 1795 do Meeschter waren, zolidd Krichsentschiedegunge reklaméiert. Wéi d'Souen net séier genuch komm sinn huet de Generol Friant an der Nuecht vum 28. op den 29. November 1795 6 Notabler vun der Stad festhuele gelooss, dorënner de Pfortzheim an de Mullendorff. Den 28. Dezember gouf dunn den Dokter Abinet Buergermeeschter.

Seng lescht Joren huet hien um Schlass vu Kolpech gelieft, wou hien nom Charles Peschon, Buergermeeschter war. Säin Nofolger op där Plaz gouf de Guillaume Peckels.

Nokommen[änneren | Quelltext änneren]

Aus dem éischte Bestietnes mat der Marie-Ange d'Orley de Linster ware keng Kanner do. Seng éischt Fra läit um Kierfecht vu Weweler bei Burg-Reuland begruewen.

Mat der Élisabeth de Tornaco, gestuerwen den 22. Juli 1832, an zu Kolpech begruewen, hat hien eng Duechter, d'Marie Justine gebuer den 10. Mäerz 1798. Déi gouf de 6. Dezember 1817 mam Philippe de Marches Baron vu Giisch bestuet.


Virgänger:
Jean Jacques Faber
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
14.09. 1795 - 28.12. 1795
Nofolger:
François Hubert Abinet

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburgensia, Jules Mersch Fascicule 18 Säit398