Jean-Jacques Dordain

Vu Wikipedia
Jean-Jacques Dordain
Gebuer 14. Abrëll 1946
Estrun
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Geschäftspersoun, Ingenieur

De Jean-Jacques Dordain, gebuer de 14. Abrëll 1946 war vum Juli 2003 bis de Juni 2015 Generaldirekter vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA).

Den Dordain hat seng Ingenieursausbildung op der École Centrale Paris am Joer 1968 ofgeschloss. Hien huet seng Carrière beim franséische Loft- a Raumfaartfuerschungsinstitut Office national d'études et de recherches aérospatiales (ONERA) ugefaangen, wou hien haaptsächlech u Flëssegkeetsdreifstoff-Rakéitemotore an an der Mikrogravitatioun gefuerscht huet. Vun 1973 bis 1987 war hien och nach Professer op der École nationale supérieure de l'aéronautique et de l'espace. Vun 1977 bis 1993 huet hie Maschinnebau op der École polytechnique geléiert.

1982 gouf hie Leeder vum Direkterrot fir Allgemeng Physik bei der ONERA. An där Zäit war hien an der éischter Rei vun de Komissiounen, déi dat heefegt Versoe vun der europäescher Arianerakéit opkläre sollt.

Seng Carrière bei der ESA huet 1986 ugefaangen, wéi hie Chef vum Departement fir Mikrogravitatioun a Raumstatiounsgebrauch (Microgravity and Space Station Utilisation Department) gouf. Duerno gouf hie stellvertriedenden Direkter fir Strategie, Planung an Direktivë fir d'international Zesummenaarbecht souwéi Direkter fir strateegesch an technesch Ofschätzungen (Director for Strategy and Technical Assessment) vun der europäescher Weltraumagentur. 2001 gouf hien Director of Launchers (Direkter fir Drorakéiten).

De Jean-Jacques Dordain ass Member vun der franséischer Académie des technologies a vun der Académie de l'air et de l'espace. Doriwwer ass hie Vizepresident vun der International Astronautical Federation.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]