Op den Inhalt sprangen

Jean-Jacques Morel

Vu Wikipedia
Jean-Jacques Morel
Gebuer 1. Mee 1921
Bouillon
Gestuerwen 21. Mäerz 1945
Maulesmillen
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Resistenzler, Offizéier, Geheimagent

De Jean-Jacques Morel, gebuer den 1. Mee 1921 zu Bouillon, a gestuerwen op der Maulesmillen den 21. Mäerz 1945, war e belschen Offizéier, Resistenzler an SOE-Agent wärend dem Zweete Weltkrich.

De Jean-Jacques Morel war ee vun de 6 Besatzungsmembere vun der Lockheed Hudson FK803 "MA-N", vum 161. RAF-Geschawder déi beim Fligeraccident op der Maulesmillen wärend der SOE-Operatioun Benedict ëm Liewe koumen.

Als Resistenzler war hien ënner den Decknimm Express, Voltimand, Kemble, Félicien a Mesdagh bekannt.

Hie gouf zesumme mat deene fënnef aneren op der Plaz vum Accident am Bësch begruewen.