Op den Inhalt sprangen

Jean-Mathias-Haff

Vu Wikipedia
Jean-Mathias-Haff
De fréieren Haff am Oktober 2022
An anere Sproochen fr: Ferme Jean-Mathias
de: Jean-Mathiashof
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Réiser
Buergermeeschter Tom Jungen (LSAP)
Koordinaten 49° 33’ 38.3’’ N
      06° 06’ 47.1’’ O

De Jean-Mathias-Haff (och an der Schreifweis Jean-Mathiashaff ze fannen), Schaffmattgeshaff oder Welschenhaff ass e Lieu-dit a fréiere Bauerenhaff[1] op der Kockelscheier an der Gemeng Réiser. Seng Geschicht geet an d'17. Joerhonnert zeréck a steet am Zesummenhang mat de Proprietéite vum Klarissinnen-Klouschter um Helleg-Geescht-Plateau.

Déi éischt schrëftlech Spuere vun der Ëmgéigend vum Haff ginn op d'Joer 1620 zeréck. Am Joer 1716 gëtt eng Zéintscheier vun de Klarissinnen ernimmt, déi warscheinlech mam Kräizhaff a Verbindung steet. Op der Ferraris-Kaart vu 1777 ass de Betrib als „Cense St-Esprit“ agezeechent, wat op de Besëtz vum Helleg-Geescht-Klouschter hiweist.

Zum Bauerenhaff huet ë. a. och d'Neiwiss gehéiert, déi ronn zwee Kilometer vum Haff ewech louch.

Nimm vum Haff

[änneren | Quelltext änneren]

Schaffmattgeshaff

[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Schaffmattgeshaff geet zeréck op de Mathias „Mattgen“ Junck, deen d'Neiwiss am Joer 1737 gepacht hat. Hien hat sech verflicht, bannent zwee Joer en neit Haus, eng Scheier a Ställ ze bauen, eng enorm ustrengend Aarbecht, déi wäit iwwer dat Normaalt erausgaangen ass. Duerch dësen aussergewéinlech héijen Aarbechtsopwand krut hien am Volleksmond de Spëtznumm „Schaffmattgen“; den Numm ass esou typesch ginn, datt de ganze Bauerenhaff mat der Zäit nom Piechter sengem Spëtznumm genannt gouf. Wéi dem Junck seng Duechter gebuer gouf, huet de Paschtouer si als „Anna Maria Schaff“ am Regëster agedroen, also mat hirem Papp sengem Spëtznumm amplaz vum Familljennumm.

Jean-Mathias-Haff

[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1778/79 huet de François Schummer de Betrib iwwerholl.

No der Franséischer Revolutioun ass Lëtzebuerg zum Département des Forêts ginn an d'franséisch Verwaltung wollt reliéis Nimm eliminéieren. De Kräizhaff, deen an de Parbicher als Villa Sancti Spiritus ernimmt war, sollt deemno en neien Numm kréien. E franséische Beamten huet du warscheinlech „Schaffmattgen“ mat „Jean-Mathias“ iwwersat an esou koum den Haff zu sengem neien Numm „Jean-Mathias-Haff“, en Numm dee sech bis haut gehalen huet.

Bei der Vollekszielung vun 1806 gëtt de Haff och als „Welschenhaff“ bezeechent, wat drop hiweist, datt en ënner franséischer Verwaltung stoung. Mat „welsch“ hunn d'Fransousen alles bezeechent wat friem war.

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet de Nikolaus Speyer vun Hunchereng de Betrib kaaft.

Famill Weistroffer

[änneren | Quelltext änneren]

Géint Enn vum Joerhonnert ass den Haff an de Besëtz vun der Famill Weistroffer komm, déi aus Loutrengen gestaamt huet.

Den Nicolas Weistroffer (1842 – 1927) a seng Fra Magdalena Scheuer hunn den Haff an den 1880er Joren iwwerholl an zu engem landwirtschaftleche Musterhaff mat Déierenzuucht ausgebaut. Nom Doud vum Nicolas gouf säi Jong Mathias „Mäths“ Weistroffer (1885 – 1933) den neien Här um Haff. Nieft senger Aarbecht als Bauer huet hien och eng Brennerei bedriwwen a säi Schnaps ausgeliwwert. Wéi hien am Joer 1933 enges nuets heem gefuer ass, ass e Camion a seng Päerdskutsch gerannt; de Mäths gouf verwonnt an ass e puer Deeg duerno gestuerwen.

No sengem Doud huet säi Jong Joseph „Jos“ Weistroffer (1917 – 1996) de Betrib weidergefouert an den Haff gouf nom Zweete Weltkrich moderniséiert. D'Bestietnes vum Jos Weistroffer mat der Aline Grün blouf ouni Kanner an de Bauerenhaff gouf un en Hollänner verpacht.

Wéinst der Proximitéit zur Stad Lëtzebuerg a well Bauplaze gefrot waren, ass Bauland entstanen an d'„Cité Weistroffer“ gouf gebaut. An den 1980er Jore gouf de fréieren Haff restauréiert.

  • Wou net anescht uginn: Joseph Mersch, Kockelscheuer: Geschichte und Geschichten, Luxembourg: J. Mersch, 2025, S. 39 – 42
 Commons: Jean-Mathias-Haff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Lag op der topographescher Kaart vun 1954