Jean Deitz
Ausgesinn
| Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Jean Deitz | |
|---|---|
| Gebuer |
23. Januar 1892 Klengbetten |
| Gestuerwen |
24. November 1967 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Architekt |
| Auteursrechter | Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt |
|
| |
De Jean Deitz, gebuer den 23. Januar 1892 zu Klengbetten[1] a gestuerwen de 24. November 1967 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergeschen Architekt.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- säin eegent Haus, an der Escher Emile-Mayrisch-Strooss, haut Escher Bibliothéik, 1930.
- Grenzerkierch (zesumme mam Christian Scholl) zu Esch-Uelzecht, 1931
- Appartementshaus Foyer (zesumme mat dem Theodor Merrill) an der Stad Lëtzebuerg, 1932
- Kierch zu Reckeng op der Mess, 1933-1934
- Kierch zu Déifferdeng-Fuussbann, 1933-1934
- Kierch zu Rolleng bei Péiteng, 1933-1935
- Vergréisserung vun der Kierch zu Nidderwolz, 1937
- Centre Louvigny (zesumme mam Robert Lentz) an der Stad Lëtzebuerg, 1962
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 189
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsakt Nr.8 vum 24. Januar 1892 vun der Gemeng Stengefort
- ↑ Doudesannonce vum Jean Deitz am Luxemburger Wort vum 27. November 1967
