Jean Winkin

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean Winkin, gebuer am Mee 1905 a gestuerwen am Oktober 1984,[1] war e lëtzebuergesche Bauer vun Uewerwampech an CSV-Politiker.

Hie gouf bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954 eng éischt Kéier als Deputéierten aus dem Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt a gouf 1959, 1964, 1968 an 1974 erëmgewielt. 1974-79 war hie Vizepresident vun der Chamber.[1]

1970 gouf hien zum Buergermeeschter vun der Gemeng Uewerwampech gewielt, ier en dann 1977, an der fusionéierter Gemeng Wëntger, Schäffe gouf (bis 1981).[1]

Referenzen

  1. 1,0 1,1 1,2 "Eloge funèbre de M. Jean Winkin, député honoraire." Compte-rendu vun der Chambersëtzung vum 16. Oktober 1984, C-1984-O-002-0001.]