Jeanne-Claude
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Jeanne-Claude | |
---|---|
2005 | |
Gebuertsnumm | Jeanne-Claude Denat de Guillebon |
Gebuer |
13. Juni 1935 Casablanca |
Gestuerwen |
18. November 2009 New York |
Doudesursaach | Anevrissem |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Sculpteur, Fotograf, Konzeptkënschtler |
Member vun | Christo a Jeanne-Claude |
Famill | |
Bestuet mat | Christo |
D'Jeanne-Claude, gebuer den 13. Juni 1935 zu Casablanca (Marokko) als Jeanne-Claude Denat de Guillebon a gestuerwen den 18. November 2009 zu New York City, war eng franséisch-amerikanesch Kënschtlerin, Sculptrice a Fotografin.
D'Jeanne-Claude ass dee selwechten Dag op d'Welt komm wéi hire Mann Christo, dee si am Oktober 1958 kenne geléiert huet, wéi hien engagéiert gi war fir Portraite vun der Jeanne-Claude hirer Mamm Précilda de Guillebon ze molen.
D'Koppel krut ee Kand, de Cyril, deen den 11. Mee 1960 gebuer gouf.
Der Jeanne-Claude an dem Christo hiren éischte Konschtprojet waren 89 Uelegfässer mat deene si 1962 d'Rue de Visconti zu Paräis verspaart hunn, als Referenz op de Bau vun der Berliner Mauer deen dat Joer virdrun ugefaangen hat.
Si goufen haaptsächlech bekannt well se grouss Gebaier, industriell Objeten oder bekannt Bauwierker agepaakt hunn. De Christo gouf als de Kënschtler, seng Fra als d'Organisatrice bezeechent, eng Opdeelung déi déi zwee awer 1995 dementéiert hunn.
Bekannt Aktiounen an Europa waren z. B. d'Apake vum Pont Neuf zu Paräis (1985), vum Berliner Reichstagsgebai (1995) a vun 178 Beem am Berower Park bei Basel (1998).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
"The Gates", New York 2005
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jeanne-Claude – Biller, Videoen oder Audiodateien |