José Eduardo Agualusa

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
José Eduardo Agualusa
JE Agualusa.jpg
Gebuer 13. Dezember 1960
Huambo
Nationalitéit Angola
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De José Eduardo Agualusa Alves da Cunha, gebuer den 13. Dezember 1960 am haitegen Huambo,[1] Angola, ass en angolanesche Schrëftsteller a Journalist. Vill vu senge Bicher spillen am Angola an hu mat der angolanescher Geschicht ze dinn.

Seng Bicher goufen a méi wéi 25 Sproochen iwwersat.[2]

Privatliewen a Carrière als Journalist[änneren | Quelltext änneren]

De José Eduardo Agualusa gouf als Kand vu portugiseschen Elteren am Angola gebuer,[3] wéi Angola nach eng portugisesch Kolonie war. Hien huet a Portugal Land- a Forstwirtschaft studéiert.[4] Séier duerno huet hien awer ugefaangen als Journalist ze schaffen, ënner anerem fir d'Dageszeitung Público.[3]

1993 huet hie mam Journalistekolleg Fernando Semedo a mat der Fotografin Elza Rocha en investigative Reportage iwwer d'afrikanesch Communautéit zu Lissabon, Lisboa africana, verëffentlecht.[5]

De José Eduardo Agualusa schreift Chronike fir d'portugisesch Literaturzäitschrëft LER, d'brasilianesch Dageszeitung O Globo an den angolaneschen Internetsite Rede Angola.

Hien huet dräi Kanner.

Carrière als Schrëftsteller[änneren | Quelltext änneren]

1989 huet hie säin éischte Roman, A conjura, verëffentlecht, an deem hien d'Geschichte vun den Awunner vu São Paulo da Assunção de Luanda an der Zäit tëscht 1880 an 1911 erzielt.[6] Fir dat Buch krut hien de Präis als bescht Revelatioun (Prémio Revelação) vum angolaneschen Grande Prémio Sonangol de Literatura.[2]

D'Romanbiographie Estaçáo das chuvas (1996) erzielt d'Liewe vun der Dichterin an Historikerin Lídia do Carmo Ferreira, déi 1992 wärend dem neien Opflame vum angolanesche Biergerkrich ënner mysteriéisen Ëmstänn verschwonnen ass.[7]

1997 krut hie seng éischt literaresch Boursen, an zwar vum portugiseschen Centro Nacional de Cultura fir de Roman Nação crioula ze schreiwen. Dee behandelt d'Ofschafe vun der Sklaverei an erzielt d'Geschicht vun der geheimer Léift tëscht dem portugiseschen Aventurier Carlos Fradique Mendes (deen am 19. Joerhonnert vum Auteur Eça de Queiroz erfonnt gouf) an der Ana Olímpia de Caminha, enger fréierer Sklavin déi eng vun de räichste Persounen an Angola ginn ass.[5] En huet de grousse Literaturpräis vun der RTP (Grande Prémio de Literatura RTP) gewonnen.[1] Säi Wierk duerno, Fronteiras Perdidas (1999), ass mam Grande Prémio de Conto Camilo Castelo Branco vun der Associatioun vun de portugisesche Schrëftsteller ausgezeechent ginn.

Déi zweet Bourse am Joer 2000 huet him en dräi Méint laangen Openthalt zu Goa erméiglecht, wou hien Um estranho em Goa geschriwwen huet. 2001 gouf hie vum Deutscher Akademischer Austauschdienst fir ee Joer op Berlin agelueden, wou säi Roman O ano em que Zumbi tomou o Rio entstanen ass.

Estranhões e Bizarrocos (2000) ass dat éischt Kannerbuch vum José Eduardo Agualusa. Et huet de Grousse Gulbenkianpräis fir Kanner- a Literaturgenre (Grande Prémio Gulbenkian de Literatura para Crianças e Jovens) gewonnen. Mat A girafa que comia estrelas ass 2005 en zweet Kannerbuch erauskomm.

O vendedor de passados (2004) ass eng Kritik vun der politescher a sozialer Lag am postkolonialen Angola. De Roman huet 2007 de britteschen Independent Foreign Fiction Prize gewonnen.[1] Och d'Buch As mulheres do meu pai (2007) gouf gutt bei de Kritiker opgeholl. Dora geet et ëm de fiktiven angolanesche Komponist Faustino Manso, deen no sengem Doud siwe Wittfraen an 18 Kanner zréckléisst. Seng jéngst Duechter Laurentina, eng Regisseurin, probéiert hirem verstuerwene Papp säin turbulent Liewen ze rekonstruéieren.

2006 huet hien de brasilianesche Verlag Língua Geral matgegrënnt, deen nëmme Wierker erausgëtt, déi op Portugisesch geschriwwe goufen.

Ufank 2009 gouf den Agualusa vun der Stad Amsterdam an hir Autoreresidenz agelueden, eng gemeinschaftlech Initiativ vun der Hollännescher Literaturstëftung (Nederlands Letterenfonds) an der Stëftung fir d'Produktioun an d'Iwwersetzung vun hollännescher Literatur.[5] Do huet hien de Roman Barroco Tropical geschriwwen. Deen erzielt vum Schrëftsteller Bartolomeu Falcato, deem d'Läich vun enger Fra wärend engem Stuerm aus dem Himmel virun d'Féiss fält. Amplaz datt dee Muerd opgekläert gëtt, gëtt de Falcato selwer e Gejoten.[8] Am selwechte Joer ass den Agualusa mat der brasilianescher Medail Ordem do Mérito Cultural ausgezeechent ginn.[9]

De Roman Teoria geral do esquecimento (2012) ass 2013 mam Prémio Fernando Namora ausgezeechent ginn[10] a war 2016 ee vun de Finaliste vum Man Booker International Prize.[11] 2017 gouf e mam bedeitenden International Dublin Literary Award ausgezeechent, dee mat 100.000 Euro dotéiert war.[12] Mam Präisgeld huet den Agualusa annoncéiert, eng ëffentlecht Bibliothéik am Mosambik z'etabléieren.[13] En erzielt d'Geschicht vun enger portugisescher Fra am Angola, déi sech no der Onofhängegkeetserklärung 30 Joer an hirer Wunneng aspäert a probéiert, sech vun der Baussewelt ze isoléieren, bis s'ee Jonke kenneléiert dee si iwwer déi radikal Ännerungen informéiert, déi am Land an all där Zäit geschitt sinn.

Mat A Rainha Ginga iwwer d'angolanesch Kinnegin Nzinga huet den Agualusa 2014 eng zweet Romanbiographie verëffentlecht.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Wierker vum José Eduardo Agualusa:
Joer Portugiseschen Titel Däitschen Titel Franséischen Titel Engleschen Titel
1989 A conjura / / /
1990 D. Nicolau Água-Rosada e outras estórias verdadeiras e inverosímeis / / The incredible but true story of Prince Nicolau Água-Rosada
1991 Coração dos bosques / / /
1992 A feira dos assombrados / / /
1996 Estação das chuvas / La saison des fous Rainy Season
1997 Nação crioula Ein Stein unter Wasser / Creole
1999 Fronteiras perdidas, contos para viajar / / /
2000 Um estranho em Goa / / /
2000 A substância do amor e outras crónicas / / /
2000 Estranhões e bizarrocos / / /
2002 O homem que parecia um domingo / / /
2002 O ano em que Zumbi tomou o Rio / La guerre des anges /
2003 Catálogo de sombras / / /
2004 O vendedor de passados Das Lachen des Geckos Le marchand de passés The Book of Chameleons
2005 A girafa que comia estrelas / / /
2005 Manual prático de levitação / / /
2006 O filho do vento / / /
2006 Passageiros em trânsito / / /
2007 As mulheres do meu pai Die Frauen meines Vaters Les femmes de mon père My father’s wives
2008 Na rota das especiarias / /
2009 Barroco tropical Barroco Tropical Barroco tropical /
2009 Milagrário pessoal / / /
2010 Um pai em nascimento / / /
2011 A educação sentimental dos pássaros / / /
2011 Nweti e o mar / / /
2011 O lugar do morto / / /
2012 A rainha dos estapafúrdios / / /
2012 Teoria Geral do Esquecimento Eine allgemeine Theorie des Vergessens Théorie générale de l'oubli A general theory of oblivion
2012 Fui para sul / / /
2013 Catálogo de luzes - os meus melhores contos / / /
2013 A vida no céu / / /
2014 A rainha Ginga E de como os africanos inventaram o mundo / / /
2015 O livro dos camaleões / / /
2017 A sociedade dos Sonhadores Involuntários / La société des rêveurs involuntaires /
2018 O paraíso e outros infernos / / /

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 wook.pt: José Eduardo Agualusa (gekuckt den 13. Mäerz 2019)
  2. 2,0 2,1 fronteiras: José Eduardo Agualusa (gekuckt den 13. Mäerz 2019)
  3. 3,0 3,1 revistaestante.fnac.pt: José Eduardo Agualusa: a voz da literatura angolana (19. Mee 2017)
  4. portaldaliteratura.com: José Eduardo Agualusa: Biografia (gekuckt den 13. Mäerz 2019)
  5. 5,0 5,1 5,2 Nederlands Letterenfonds: Writer in Residence Programme 2009 - José Eduardo Agualusa is WIR in Amsterdam (2009)
  6. A conjura op travessa.com.br (gekuckt den 13. Mäerz 2019)
  7. Estaçáo das chuvas op bol.com (gekuckt den 13. Mäerz 2019)
  8. Barroco Tropical op perlentaucher.de (gekuckt den 13. Mäerz 2019)
  9. LEYA BIS – LIVROS DE BOLSO - MIA COUTO E JOSÉ EDUARDO AGUALUSA AGRACIADOS COM A MEDALHA DA ORDEM DO MÉRITO CULTURAL DO BRASIL (25. November 2009)
  10. publico.pt: José Eduardo Agualusa vence prémio Fernando Namora (13. Oktober 2013)
  11. Diário de Notícias: José Eduardo Agualusa finalista do Man Booker International Prize 2016 (14. Abrëll 2016)
  12. publico.pt: José Eduardo Agualusa é o vencedor do International DUBLIN Literary Award (21. Juni 2017)
  13. The Guardian: Angolan writer José Eduardo Agualusa wins €100,000 International Dublin literary award (21. Juni 2017)