José van Dam
| José van Dam | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
25. August 1940 Ixelles |
| Gestuerwen |
17. Februar 2026 Bréissel |
| Nationalitéit | Belsch |
| Educatioun | Conservatoire royal vu Bréissel |
| Aktivitéit | Operesänger, Schauspiller, Baritonsänger |
| Auszeechnungen | Chevalier vun der Légion d'honneur, Commandeur des Arts et des Lettres, Officier vum Ordre de Léopold II, Éierebierger vu Bréissel, International Opera Awards |
|
| |
De José van Dam gepuer den 25. August 1940 als Joseph van Damme, a gestuerwen de 17. Februar 2026, war e belsche Bass-Baritonsänger.
Hien ass als Kand vun engem Zammermann zu Ixelles gebuer. Musek huet hien am Conservatoire royal de Bruxelles studéiert. Hie war mat enger Lëtzebuergerin bestuet.
Seng Karriär huet 1961 richteg ugefaangen, wéi en an der Paräisser Oper eng Roll an der Oper Les Troyens vum Hector Berlioz krut.
1968 ass hien um Festival vu Salzburg opgetrueden. Duerno war hie Gaascht an de groussen Operenhaiser, wéi an der Scala vu Mailand, der Metropolitan Opera zu New York. Hien huet och zu London, Wien a Paräis gesongen. Dertëscht war hien awer och a senger Gebuertsstad Bréissel am Théâtre de la Monnaie ze héieren.
Zu sengem Repertoire hunn d'Opere Boris Godounov, Falstaff, Figaros Hochzeit, Salome, Gianni Schichi, Il turco in Italia, Les Contes d'Hoffmann a La Bohème gehéiert.
Am August 1998 gouf hie vum belsche Kinnek Albert II fir seng Verdéngschter am Gesank zum Baron ernannt.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]
