Joseph Reisdoerfer

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Joseph Reisdoerfer
Gebuer 28. Juni 1955
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Linguist, Sproocheprofesser

De Joseph Reisdoerfer, gebuer den 28. Juni 1955 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Linguist a Literaturspezialist, Titulaire vun dräi Doktertitelen (Franséisch Literatur, 1984; franséisch Linguistik, 1991; laténgesch Sprooch & Literatur, 2006) a vun enger Habilitatioun[1], a Sproocheprofesser (Latäin a Franséisch) am Secondaire an am Supérieur.

Vun 1985 bis 1998 war hie Professer am Lycée classique de Diekirch, an zanter 1998 ass en am Stater Kolléisch.

Vun 1998 bis 2002 war hie Chargé de cours an der Lëtzebuerger Sprooch op der Universitéit zu Tréier. Hie gëtt och Coursen op der Uni Saarbrécken an op der europäescher Antenn vun der Miami University zu Déifferdeng.

Hien ass Professeur associé op der Uni Lëtzebuerg.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bender-Berland, Geneviève / Kramer, Johannes / Reisdoerfer, Joseph: Dictionnaire Étymologique des Éléments Français du Luxembourgeois, Gunter Narr Verlag, Tübingen
    • Fascicule 1: Abat-jour - Assürance, 2003
    • Fascicule 2: Attaché - brav, 2005
    • Fascicule 3: Bréck - Cavalier, 2005
  • Qui a tué Virgile? Prolégomènes à une histoire de l'enseignement des langues classiques au Luxembourg; in: d'Buch - La communauté scolaire et les savoirs à l'Athénée de Luxembourg; Band I, Schouljoer 2020-21; Ss. 141-149 (Illustratiounen + Bibliographie). - ISBN 978-2-9199540-4-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pagina domestica um Spaweck