Lëtzebuergesch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lëtzebuerger Sprooch)
Lëtzebuergesch
Lëtzebuergesch
Gëtt geschwat an: Lëtzebuerg, Belsch (Areler Land, Zënt-Väiterland), Frankräich (Diddenuewener Land, Sierker Land), Däitschland (Saarbuerger Land, Béibreger Land, Prümer Land)
Regioun: Europa
Gëtt geschwat vun: 400.000[1]
Klassement: ?
Klassifikatioun no Famill: Indo-Europäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Lëtzebuerg
zu Lëtzebuerg ass Ltz. net als "offiziell Sprooch" definéiert, mä just als "Nationalsprooch" an eng vun de Kommunikatiounssprooche vun der Verwaltung.

Belsch
"Langue régionale endogène de la communauté française de Belgique"
Frankräich
"L'une des langues régionales de Moselle/des pays mosellans (Constitution 23 JUL 2008)"

Reglementéiert vun: n.a.
Sproochcoden
ISO 639-1 lb
ISO 639-2 lb
ISO 639-3 ltz

D'Lëtzebuergesch gëtt an der däitscher Dialektologie als ee westgermaneschen, mëtteldäitschen Dialekt aklasséiert, deen zum Muselfränkesche gehéiert. An der Linguistik gëtt et och alt zu de sougenannten "Ausbausproochen", respektiv "Kultursproochen", gezielt.

D'Lëtzebuergescht gouf de 24. Februar 1984 per Gesetz[2] als "Nationalsprooch" an nieft dem Franséischen an dem Houdäitschen als eng vun den dräi administrative Sproochen zu Lëtzebuerg deklaréiert[3]. Lëtzebuergesch gouf 1995 per Gesetz als Ëmgangssprooch an de Gemengeréit deklaréiert. Conseillere kënnen och eng aner offiziell Sprooch benotzen, mä et besteet keng Iwwersetzungsflicht[4].

Spéitstens zanter dem Gesetz vun 1984 gëtt Lëtzebuergesch national wéi eng eegestänneg Sprooch behandelt.

  • Dofir, fir et als eege Sprooch ze gesinn, schwätzt ënner anerem, datt een, deen Houdäitsch als Mammesprooch huet, Méi huet, fir Lëtzebuergesch ze verstoen. Och gëtt Lëtzebuergesch a méi Situatioune gebraucht, wéi dat bei engem Dialekt de Fall wier - vun der Chamber bis zu de wëssenschaftlechen Emissiounen z. B. um Radio. Et gëtt och mëttelalterlech Texter déi op Lëtzebuergesch bzw. Muselfränkesch geschriwwen goufen z. B. den Text 'Yolanda vu Veianen' eng Säit aus dem Codex Mariendalensis (c. 1330 AD), dat beweist datt Lëtzebuergesch sech schonn deemools vum westgermaneschen Dialektcontinuum[5] ofgespléckt a relativ onverännert bis haut iwwerlieft huet.
  • Dergéint schwätzt, datt et keng däitlech Sproochegrenz zu deenen ugrenzenden däitschen Dialekter gëtt.

Ofgesi vun dësen éischter technesche Krittären ass et virun allem och de symbolesche Charakter, d'Identifikatiounselement dat dra läit, wat et mat sech bréngt, datt d'Lëtzebuerger dat, wat se schwätzen, als hir Sprooch ugesinn.

Geographesch Verbreedung

Lëtzebuergesch gëtt zu Lëtzebuerg geschwat, mä och nach an de Grenzregioune vu sengen Nopeschlänner: an Däitschland an der Géigend ëm Béibreg an am Museldall ronderëm Tréier, an der Belsch an der Provënz Lëtzebuerg, am Areler Land, an a Frankräich an enger Partie vu Loutrengen. Wat ee méi a Richtung Oste geet, wat dat, wat geschwat gëtt, ëmmer méi an déi aner muselfränkesch Dialekter iwwergeet. Mat vill guddem Wëlle kann een och nach d'USA derbäizielen, wou d'Kands(-kands-)kanner vun deene Lëtzebuerger, déi am 19. Joerhonnert dohin ausgewandert waren, nach vereenzelt Lëtzebuergesch schwätze kënnen. Geleeëntlech gëtt nach ëmmer dat, wat a Siwebiergen/Transsylvanien (Rumänien) geschwat gëtt oder gouf, wéinst engem Glach mam Lëtzebuergeschen derbäigezielt, och wa sech dat scho laang als wëssenschaftlech net haltbar erwisen huet[6].

An der Belsch an a Frankräich gouf Lëtzebuergesch allerdéngs laang Zäit nom Zweete Weltkrich net geléiert, soudatt et virun allem eeler Generatioune sinn, déi et nach schwätzen. Doduerch, datt et fir déi vill Frontalieren um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart nëtzlech ass, gëtt et awer erëm, zum Beispill an Owescoursen, geléiert.

Et gëtt verschidden Dialektforme vum Lëtzebuergeschen: Areler, Eechternoacher, Kliärrwer, Minetter, Miseler, Stater, Veiner, Weelzer, asw. Fréier gouf et souguer vun Duerf zu Duerf Ënnerscheeder bei verschiddene Wierder, oder et koum zu am Rescht vum Land onbekannte Wierder (z. B. al Rëmelenger Wierder wéi Klëppchen oder Schëntercher). Déi Ënnerscheeder sinn an historesche Sproochatlante genee beschriwwe ginn[7].

Duerch d'Mobilitéit vun de Leit an och duerch déi geschwate Medien (Radio an Televisioun) verlafe sech dës Ënnerscheeder awer ëmmer méi, respektiv tendéieren zu enger Zort 'Standardlëtzebuergesch', an der Linguistik Koinè genannt, hin[8].

Geschriwwent Lëtzebuergesch

No enger Rei vun Uleef gouf 1975 eng eenheetlech Orthographie duerch e ministeriellen Arrêté agefouert[9]. 1999 goufen dës Reegele per groussherzoglecht Reglement liicht verännert[10]. Déi offiziell Orthographie gëtt an de Schoulen, wann iwwerhaapt, nëmmen ee Joer enseignéiert, wat dozou féiert, datt weiderhin individuell Orthographievarianten an der Praxis koexistéieren.

Zanter 2006 gëtt et e Spellchecker, deen ënner enger fräier Lizenz steet an dorop ausgeluecht ass, mat de gängegen Open-Source-Programmer ze funktionéieren (OpenOffice, Mozilla Thunderbird, asw.). Dësen Utilitär ënner dem Numm www.spellchecker.lu gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt[11].

D'Lëtzebuergesch a Gefor?

Lëtzebuergesch gouf 2009 vun der Unesco an de Weltatlas vun de Sproochen, déi a Gefor sinn, opgeholl. D'Vitalitéit vun der lëtzebuergescher Sprooch gëtt an der Online-Versioun vum Atlas als onsécher (unsafe) agestuuft[12].

Déi Ausso ass zu Lëtzebuerg ëmstridden, virun allem bei Fuerscher, déi sech mat der Lëtzebuerger Sprooch befaassen. De Soziolog Fernand Fehlen (Uni Lëtzebuerg) vertrëtt z. B. d'Meenung, d'Lëtzebuerger Sprooch wier net um Ausstierwen, am Géigendeel, si géif sech gutt entwéckelen, sou als Invité vum Dag den 9. Mäerz 2009 um Radio 100,7.[13]

An der Kulturchronik vum Radio 100,7 geet de Jean-Claude Majerus den 10. Mäerz 2009 nach emol op de Sproochenatlas vun der Unesco an. Hei gouf d'Lëtzebuerger Sprooch jo als onsécher Sprooch mam Niveau 1 aklasséiert (déi Bairesch Sprooch huet déi selwecht Astufung). Dat kënnt dohier, well d'Unesco Krittäre benotzt wéi beispillsweis a wéi engem Mooss eng Sprooch an der nationaler Press geschriwwe gëtt. Wéinst hirer schwaacher Stellung an der geschriwwener Press ass d'Lëtzebuergesch do agestuuft ginn.

De lëtzebuergesche Linguistik- a Literaturlabo op der Uni Lëtzebuerg zeechent en anert Bild vun eiser Sprooch: verglach mat den 1970er an de 1980er Joren huet d'Lëtzebuergesch signifikativ u Bedeitung zougeholl, ëmmer méi Leit schwätzen et, et gouf nach ni sou vill op Lëtzebuergesch geschriwwe wéi haut, an dat net nëmmen an der Literatur, mä och an neie Beräicher, wéi d'elektronesch Post (Email, SMS) oder um Internet (Wikipedia, Websäiten, Bloggen, Facebook). Experte wéi de Fernand Fehlen ginn och ze bedenken, datt d'Lëtzebuergesch eng kleng a jonk Sprooch ass, déi voll an der Entwécklung stécht, an där hir Plaz an der kultureller a soziokultureller Landschaft vu Lëtzebuerg erhale wäert bleiwen.

De Statec huet 2011 an 2017 objektiv Donnéeë virgeluecht. Vun de Kanner déi tëscht 2007 an 2011 als Lëtzebuerger gebuer goufen hunn der just 78,4 % d'Lëtzebuergescht als Haaptsprooch. Vun der aktiver auslännescher Populatioun sinn et 2017 nach déi Däitsch vun deene der am meeschten op d'mannst e gewëssen Niveau am Lëtzebuergeschen hunn (42,8 %), virun de Belsch (24,9 %), Portugisen (20,4 %), Italieener (18,4 %) an zum Schluss d'Fransousen (15,6 %) - an der Moyenne kënnen also eng 80 % vun hinne guer kee Lëtzebuergesch. Dem Alter no gekuckt sinn et um Stand vun 2011 nach déi jonk Auslänner an déi vun där eelerer Generatioun déi déi zu de meeschte Lëtzebuergesch als Haaptsprooch ugesinn, vu 27 bis 65 Joer sinn et der just 5 % oder souguer manner. Am Ganzen ass et 2017 sou, datt 60,7 % vun alle Leit déi zu Lëtzebuerg liewen d'Sprooch kënnen, an 39,3% hunn net mol eng rudimentär Basis vum Lëtzebuergeschen[14],[15].

Morphologie

Nominalmorphologie

De Fall, oder de Kasus, gëtt op Lëtzebuergesch haaptsächlech am Artikel (den, en), aner Determinanten (mäin, dësen, keen), an an attributiven Adjektiver gewisen. D'Lëtzebuergesch kennt 3 Fäll: den Akkusativ, deen och d'Funktioun vum Nominativ iwwerholl huet, den Dativ an nach an e puer Expressiounen de Geenitiv. Vum Nominativ bleiwe just nëmmen e puer Nominalphrasen (NP) wéi der Däiwel oder eiser Herrgott.

Well de Geenitiv am Lëtzebuergeschen rar ass, gëtt de Besëtz mam Dativ ausgedréckt: dem Mann säi Buch. Dëst gëtt dacks als Geenitivëmschreiwung genannt, Genitivumschreibung op Däitsch a periphrastic genitive op Englesch. Zu de Geenitivausdréck gehéieren z. B.: Enn des Mounts, ufanks der Woch, hien ass des Däiwels.

Wat d'Zuel ugeet, do kennt d'Lëtzebuergescht d'Eenzuel (de Singulier) an d'Méizuel (de Pluriel). Et ass d'Eenzuel, déi onmarkéiert ass. Dëst heescht, datt et eng Méizuelendung gëtt, mä keng Eenzuelendung. Am Lëtzebuergesche kennt d'Méizuel keng Geschlechter, déi gëlle just an der Eenzuel.

Geschlechter (Genus) gëtt et der dräi: männlech, weiblech, a sächlech. Dat biologescht Geschlecht vu Leit an Déieren entsprécht an deene meeschte Fäll och dem Wuert sengem Geschlecht. Sou ass de Papp, de Mann, den Dokter männlech an d'Mamm, d'Fra weiblech. Ausnam ass d'Meedchen, dat sächlech ass.

D'Nimm vun den Deeg, Méint a Joreszäite si männlech. Ausnam ass d'Fréijoer, dat sächlech ass.

D'Nimm vun de Beem, Blummen a Friichte sinn am Allgemenge weiblech: d'Dänn, d'Eech, d'Rous, d'Piisch.

Zesummegesat Wierder kréien de Genus vum leschte Wuert:

  • d'Bir + de Bam = de Birebam
  • d'Kichen + de Schaf = de Kicheschaf
  • Ausnam: d'Kand + d'Daf = de Kanddaf

Wierder, déi net mat engem biologesche Geschlecht verbonne sinn, kënnen iergendee Geschlecht hunn, ouni datt d'Wuert mat dësem grammatesche Geschlecht eppes ze dinn hätt.

Verschidden Endunge kënnen de Genus bestëmmen:

  • Männlech
  • - er de Meeschter, de Schüler
  • - är de Kommissär
  • - ismus de Patriotismus
  • Weiblech
  • - heet d'Fräiheet, d'Gesondheet
  • - keet d'Wierklechkeet
  • - esch d'Néiesch
  • - in d'Léierin
  • - ung d'Heizung
  • - ei d'Molerei
  • - schaft d'Wiertschaft
  • - ioun d'Millioun

Wierder mam Prefix Ge- si sächlech, si bezeechnen dacks Kollektiver: d'Geméis, d'Gestreids, d'Gebraddels, d'Gefréiss..


Adjektivalmorphologie

En Adjektiv ass e Wuert, dat e Substantiv beschreift, mä et kann awer och als Adverb benotzt ginn, wou en dann en anert Adjektiv beschreift, oder e Verb, oder eng ganz Konstruktioun. Morphologesch gesi gëtt et zwou Kategorië vun Adjektiver: si sinn entweeder attributiv oder predikativ. Predikativ Adjektiver kommen nom Substantiv a ginn net deklinéiert:

  • De Mann ass grouss. (männlech)
  • D'Fra ass grouss. (weiblech)
  • D'Meedchen ass grouss. (sächlech)
  • D'Kanner si grouss. (Méizuel)

Attributiv Adjektiver kommen awer virum Substantiv ginn deklinéiert a kréien hir respektiv morphologesch Endung:

  • de grousse Mann (männlech)
  • déi grouss Fra (weiblech)
  • dat grousst Meedchen (sächlech)
  • déi grouss Kanner (Méizuel)

Interessant ass och hei, datt déi bestëmmt Artikelen dacks virun engem attributiven Adjektiv d'Form vum Demonstrativ unhuelen: weiblech d gëtt déi (oder och di), sächlech d' gëtt dat, a Méizuel d' gëtt déi.

De Komparativ gëtt am Lëtzebuergeschen analytesch gemaach, dat heescht, datt d'Adjektiv selwer net geännert gëtt (z. B. -er, wéi am Däitschen), mä, datt nach en anert Wuert drugehaange gëtt. Dofir gëtt net *schéiner gesot, mä méi schéin:

  • Lëtzebuerg ass méi schéi wéi Esch.

Beim Superlativ gëtt tëscht dem relative Superlativ an dem absolutte Superlativ ënnerscheet:

  • De relative Superlativ gëtt gebraucht fir e méi héije Grad vun enger Qualitéit par Rapport zu engem Ensembel ze maachen.
deen, déi, dat, déi + Adjektiv + -st(en)
Dat ass déi schéinst Fra
Bei Adjektiver déi op s oder z endegen, gëtt just t(en) ugehaangen.
Dat ass déi béist Hex.
Dat ass dee kierzte Wutz.

De sougenannte superlatif relatif épithète gëtt d'selwecht deklinéiert wéi en adjectif épithète.

Beispiller:

  • Nominativ:
Dee schéinste Roman deen ech bis elo gelies hunn, krut gëschter e Literaturpräis.
Déi klengst Bouwen hunn am meeschte Kaméidi gemaach.
  • Dativ:
De Jamper danzt mat deem schéinste Meedchen.
Dat ass eng vun deene gelungenste Geschichten déi ech bis elo héieren hunn
  • Akkusativ:
Si deet hire schéinsten Hutt op.
Deen Entreprener baut déi deierst Haiser..
  • Den absolutte Supertlativ
Beim absolutte Superlativ gëtt aller- virun den normale Superlativ gesat:
Do steet den allerneiste Modell.
Et ass och deen allerdeiersten.
Dat ass dat allerschéinst Meedchen.

Verbalmorphologie

Syntax

Wuertuerdnung

An engem onmarkéierte Saz ass d'Wuertuerdnung SVO, also Sujet, Verb, an Objet: Ech iesse Kuch. Wann am Ufank vum Saz nach en Zousaz oder en Attribut (Englesch: adjunct) steet, da kënnt als éischt d'Verb an duerno de Sujet: Muer iessen ech Kuch. Dëse Phenomeen gëtt "V2" (Verb Second) genannt, well d'(Haapt)Verb ëmmer an zweeter Positioun ass.

Lëtzebuergesch huet awer och e Mëttelfeld, wou den Objet vum Saz tëscht dem Hëllefsverb op der lénkser Säit an dem Haaptverb op der rietser Säit steet: Ech muss Kuch iessen.

An Niewesätz ass d'Wuertuerdnung SOV: datt ech Kuch iessen. Wann an engem Niewesaz en Auxiliaire an e Participe passé ass, da kënnt d'Haaptverb fir d'éischt an den Auxiliaire fir d'lescht: datt ech de Kuch giess hunn. Wann an engem Niewesaz e Modalverb an en Infinitiv ass, da kënnt d'Modalverb fir d'éischt: "datt ech Kuch muss iessen". Et wier awer net falsch wann d'Modalverb am Enn kënnt (datt ech Kuch iesse muss) oder souguer virum Objet (datt ech muss Kuch iessen).

Neologismen

Neologisme sinn nei Wuertbildungen an nei Bedeitunge vu Wierder, déi schonn existéieren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Neologismen am Lëtzebuergeschen.

Literatur

  • Berg, Guy, 1993. Mir wëlle bleiwe wat mir sin: Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachigkeit. Reihe Germanistische Linguistik 140. Tübingen. ISBN 3-484-31140-1.
  • Braun, Josy, 2006. Eis Sprooch richteg schreiwen. 12. Oplo. Rapidpress, Bartreng. ISBN 2-9599684-4-1.
  • Bruch, Robert, 1954. Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen, Luxembourg, Publications scientifiques et littéraires du Ministère de l'Éducation nationale, 1953, vol. I; Das Luxemburgische im westfränkischen Kreis, Luxembourg, Publications scientifiques et littéraires du Ministère de l'Éducation nationale vol. II.
  • Bruch, Robert, 1955 [²1968]. Précis de grammaire luxembourgeoise, Bulletin Linguistique et Ethnologique de l'Institut Grand-Ducal. Linden, Luxembourg.
  • Chechulina, Irina, Layout a Graphik vum Lex Weyer, 2009. Dictionnaire Lëtzebuergesch - Russesch / Russesch - Lëtzebuergesch, Lëtzebuerg, ISBN 978-2-87996-599-4
  • Fehlen, Fernand, 2009. BaleineBis: Une enquête sur un marché linguistique multilingue en profonde mutation - Luxemburgs Sprachenmarkt im Wandel. RED N° 12, SESOPI Centre Intercommunautaire.
  • Fehlen, Fernand, 2011. Sprachenpolitik zwischen 1815 und 1830. d'Lëtzebuerger Land Nr. 51, vum 23. Dezember 2011, S. 22-23.
  • Garcia, Nuria, La 'nationalisation' de la langue luxembourgeoise ; in: forum, Nr. 299 (September 2010), Ss. 33-36 (Referenzen).
  • Gilles, Peter, 1998. Die Emanzipation des Lëtzebuergeschen aus dem Gefüge der deutschen Mundarten. Zeitschrift für deutsche Philologie 117: 20-35.
  • Gilles, Peter, 2006. Phonologie der n-Tilgung im Moselfränkischen ('Eifler Reegel'): ein Beitrag zur dialektologischen Prosodieforschung / Peter Gilles. In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik: Studien zu Diachronie und Synchronie. S. 28-68. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
  • Girnth, Heiko, 2006. Entwickelungstendenzen des "Eifler Reegel" im Moselfränkischen. - Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik: Studien zu Diachronie und Synchronie, S. 69-86. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
  • Goerens, Mil, 2013, Vun der Long op d'Zong, Verlag S.MO, Kordel 2013, 422 Säiten, gebonnen, ISBN 978-3-940760-52-4.
  • Goetzinger, Germaine, Gast Mannes & Roger Muller, 2000. Lëtzebuergesch - "eng Ried déi vun allen am meeschten ëm ons klengt". Eine Sprache geht ihren Weg. Von "onst Däitsch" zu "eis Sprooch". Ausstellungskatalog. Centre national de littérature, Mersch. [Katalog vun der Ausstellung mam selwechten Titel, Oktober 2000 - Mäerz 2001].
  • Krummes, Cédric, 2004. The Lëtzebuergesch verb ginn (give): grammaticalisation from lexical verb to copula, existential construction, passive auxiliary and conditional mood auxiliary. BA Thesis, University of Wales, Bangor. Cote LMT 1256
  • Krummes, Cédric, 2005. Can-Do or Can-Don't?: Do Luxembourgish as a Foreign Language (LaF, Lëtzebuergesch als Friemsprooch) Materials Conform to Waystage 1990 Specifications?. MA Thesis, University of Sheffield. Cote LMT 1492
  • Lulling, Jérôme, 2002. La créativité lexicale en luxembourgeois, Thèse de doctorat, Université Paul Valéry Montpellier III, sous la direction de François Schanen.
  • Moulin-Fankhänel, Claudine, 2004. Lëtzebuergescht Handwierderbuch (LHWB) = Dictionnaire pratique de la Langue Luxembourgeoise = Handwörterbuch der Luxemburgischen Sprache. In: Wissenschaftliche Lexikographie im deutschsprachigen Raum, S. 519-528. Winter, Heidelberg.
  • Moulin, Claudine & Damaris Nübling (Hrsg.), 2006. Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik. Studien zu Diachronie und Synchronie. Universitätsverlag Winter, Heidelberg. ISBN 3-8253-5156-4. [Dëst Buch ass publizéiert gi mat der Ënnerstëtzung vum Fonds national de la recherche]
  • Newton, Gerald (ed.), 1996. Luxembourg and Lëtzebuergesch: Language and Communication at the Crossroads of Europe. Oxford. ISBN 0-19-824016-3.
  • Nübling, Damaris, 2006. Zur Entstehnung und Struktur ungebändigter Allomorphie: Pluralbildungsverfahren im Luxemburgischen. In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik: Studien zu Diachronie und Synchronie. S. 107-125. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
  • Reisdoerfer, Joseph, 2006. Pour une étude scientifique de la langue luxembourgeoise (Remarque sur la Grammaire de la langue luxembourgeoise). D'Lëtzebuerger Land Nr. 44: 11-13.
  • Reuland, Joseph, Capesius, Bernhard & Piringer, Otto, 2015. Kleines siebenbürgisches Wörterbuch - Siebenbürgisch - Deutsch / Deutsch - Siebenbürgisch - Wörter und Texte. Luxemburg, 160 S. ISBN 978-99959-0-144-8
  • Schanen, François, 2004. Parlons Luxembourgeois, Langue et culture linguistique d'un petit pays au coeur de l'Europe. L'Harmattan, Paris. ISBN 2-7475-6289-1.
  • Schanen, François & Zimmer, Jacqui, 2005 & 2006. 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire. Band 1: Le groupe verbal. Band 2: Le groupe nominal. Band 3: L'orthographe. Éditions Schortgen, Esch-sur-Alzette.
  • Schanen, François, 2006. Kréien (+ Partizip II) im Lëtzebuergeschen. In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik: Studien zu Diachronie und Synchronie. p. 203-225. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
  • Welschbillig, Myriam, François Schanen & Jérôme Lulling, 2008. Luxdico / Lëtzebuergesch > Däitsch / Deutsch > Luxemburgisch / 52.800 Iwwersetzungen / 52.800 Übersetzungen. 358 S. Éditions Schortgen, Luxemburg. ISBN 978-2-87953-058-1. Luxdico Deutsch
  • Wolter Fernand, Marx Lynn, 2008. Alles an der Rei. Lëtzebuergesch fir de Beruff an den Alldag. 184 S. + 1 CD. éditions saint-paul, Luxembourg. ISBN 978-2-87963-703-7, bibnet.lu
  • Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, 2020, Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch, Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 1, ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten[16]

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Lëtzebuergesch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Cf. Fehlen, Fernand: BaleineBis, SESOPI 2009, S.235-236
  2. Cf. Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues. Mémorial A n°16: 196-197, 27.02.1984
  3. Cf. den Artikel Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg.
  4. Cf. Loi du 28 décembre 1995 fixant les modalités de participation aux élections communales des citoyens non luxembourgeois de l'Union Européenne et modifiant 1) la loi électorale modifiée du 31 juillet 1924 2) la loi communale modifiée du 13 décembre 1988. Mémorial A n° 101 du 28.12.1995.
  5. D'Westgermaneschen Dialektcontinuum ass eng terminologie fir d'Evolution vun der Westgermaneschen Sproochen z. B. d'Evolution vun Fränkësch zu Hollännesch asw.
  6. Dëse Glach huet als Éischten 1768 de François-Xavier de Feller festgestallt. De Gustav Kisch huet ëm 1900 d'Thees opgestallt, d'Leit aus Siwebierge wieren aus (dem haitege) Lëtzebuerg dohin ausgewandert; seng "Urheemecttheorie" gouf awer scho kuerz duerno widderluecht (a Wierklechkeet waren d'Leit am 13. Joerhonnert - am Ganzen der just e puer Dausend - aus alle méigleche Géigende vum deemolegen Däitsche Räich a Siwebiergen geplënnert). Méi doriwwer bei Fernand Fehlen: Luxemburg und Siebenbürgen 2007. STADE - Études Sociologiques et Politiques sur la société luxembourgeoise, Working Paper 1/07. Université de Luxembourg, 2007.
  7. Kuckt: Schmitt, Ludwig Erich (Hg.) (1963): Luxemburgischer Sprachatlas. Laut- und Formenatlas. Von Robert Bruch. Marburg: Elwert (Deutscher Sprachatlas. Regionale Sprachatlanten 2). Dëse gouf digitaliséiert an iwwerschafft vun der Claudine Moulin, mat Hëllef vum Roland Kehrein, Alfred Lameli, Jost Nickel, Stefan Rabanus, a kann ënner www.luxsa.info konsultéiert ginn.
  8. Dozou: Peter Gilles: Dialektausgleich im Letzebuergeschen. Zur phonetisch-phonologischen Fokussierung einer Nationalsprache. Tübingen: Niemeyer (Phonai 44), 1999. De Begrëff Koinè am Bezuch op Lëtzebuerg gouf eng éischt Kéier 1909 vum René Engelmann gebraucht.
  9. Cf. Arrêté ministériel du 10 0ctobre 1975 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise. Mémorial B n°68: 1366–1390, 16 novembre 1976.
  10. Cf. Règlement grand-ducal du 30 juillet 1999 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise Mémorial A n° 112: 2040-2048, 11.08.1999.
  11. Tëscht 2000 an 2002 gouf en éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht ënner dem Numm Cortina entwéckelt. Dee Projet gouf deemools allgemeng begréisst, awer och vereenzelt kritiséiert, well keng dialektal Varianten am Thesaurus virkomm sinn. De Projet Cortina gouf 2002 agestallt.
  12. Cf. UNESCO Interactive Atlas of the World's Languages in Danger (en)
  13. Cf. Fehlen 2009 an der Literatur.
  14. Rapport "Aarbecht a sozial Kohäsioun", Statec, 2017
  15. Sprooche beherreschen, e Kohäsiounsvektor, Paperjam, 22. Oktober 2017
  16. ZLS News, "Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch"