Op den Inhalt sprangen

Joseph Kieffer

Vu Wikipedia
Joseph Kieffer
Gebuer 26. Abrëll 1889
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 29. Dezember 1933
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Elektriker, Gewerkschaftler
Dem Joseph Kieffer säi Graf um Lallenger Kierfecht

De Joseph Kieffer oder Jos Kieffer, gebuer de 26. Abrëll 1889 zu Esch-Uelzecht, an do gestuerwen den 29. Dezember 1933[1], war e lëtzebuergeschen Elektriker, Gewerkschaftler a Politiker.

Am Hierscht 1916 war de Joseph Kieffer ee vun de Grënner vun der Gewerkschaft vun de Mineuren a Schmelzaarbechter am Kanton Esch an hie war beim Streik vun de Schmelzaarbechter am Juni 1917 ee vun de Leaderen[2].

Hie war Member vun der Assemblée constituante vun 1918.[3]

Zu Esch-Uelzecht gouf eng Strooss no him genannt (L-4176).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Doudesannonce vum Joseph Kieffer am Escher Tageblatt vum 31. Dezember 1933 op eluxemburgensia.lu
  2. Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.109.
  3. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.