Joseph Rischard
Ausgesinn
Joseph Rischard | |
---|---|
Gebuer |
30. Dezember 1845 Wolz |
Gestuerwen |
24. Juli 1934 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
De Joseph Rischard, gebuer den 30. Dezember 1845 zu Wolz, a gestuerwen de 24. Juli 1934 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergesche Magistrat a Banquier.[2]
De Joseph Rischard war vum 2. Mee 1892 bis den 3. Mäerz 1915 Member vum Staatsrot zu Lëtzebuerg.[3]
De 4. Oktober 1912 gouf de Joseph Rischard de President vun der Direktioun vun der Banque internationale à Luxembourg.[4]
Den 18. Oktober 1912 ass dem Joseph Rischard seng Demande fir d'Demissioun als Vizepresident vun der Cours supérieur de Justice accordéiert ginn.[5]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1904)[6]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Généalogie de Joseph RISCHARD (1). Geneanet. Gekuckt de(n) 16.08.2023.
- ↑ (fr)Doudesannonce vum Jos Rischard. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (26. Juli 1934). Gekuckt de(n) 15.08.2023.
- ↑ (fr)Membres depuis 1857. conseil-etat.public.lu (24.05.2023). Gekuckt de(n) 15.08.2023.
- ↑ Banque internationale. L'Indépendance luxembourgeoise (5. Oktober 1912). Gekuckt de(n) 15.08.2023.
- ↑ Memorial n°80. viewer.eluxemburgensia.lu (22. Oktober 1912). Gekuckt de(n) 15.08.2023.
- ↑ (fr)Memorial N° 50. viewer.eluxemburgensia.lu (23. Juli 1904). Gekuckt de(n) 15.08.2023.