Joseph Witry (Eisebunner)
Ausgesinn
| Joseph Witry | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Stocklausen, Jakob Joseph |
| Gebuer |
6. Abrëll 1901 Biergem |
| Gestuerwen |
4. November 1971 Greiweldeng |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Eisebunner, Lepidopterolog, Botaniker |
| Member vun | Société des naturalistes luxembourgeois |
|
| |

De Jakob Joseph ("Jos") Witry, als Jakob Joseph Stocklausen gebuer de 6. Abrëll 1901 zu Biergem, a gestuerwen de 4. November 1971 zu Greiweldeng, war e lëtzebuergeschen Eisebunner, Lepidopterolog a Botaniker.
De Jos Witry huet zu Rëmeleng gewunnt. Hie war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois. Hien hat eng grouss Sammlung vu Kiewerleken, besonnesch awer vu Päiperleken. Donieft hat hien e bedeitenden Herbarium mat iwwer 1.400 Beleeger aus dem In- an Ausland. Den Herbarium ass am Nationalmusée fir Naturgeschicht, deen en 2019 digitaliséiert huet.[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Massard, J.A., C. Ries, G. Geimer, 2020. Der Eisenbahner Jos Witry (1901-1971), ein luxemburgischer Schmetterlings- und Pflanzensammler. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 122: 3–27. Published online 15 July 2020 (ISSN 2716-750X). PDF
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Joseph Witry – Biller, Videoen oder Audiodateien |
