Jubilate Musica
| Jubilate Musica | |
|---|---|
|
| |
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Grënnungsdatum | November 1984 |
| Sëtz | Senneng |
| 40, rue du Château | |
| RCS | F3733 |
| Websäit | https://jubilatemusica.lu/ |
|
| |
Jubilate Musica, mam ganzen Numm Ensemble vocal Jubilate Musica, ass e Chouer, deen am November 1984 als ASBL vum Roland Kaber, Museksprofesser am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg gegrënnt gouf. De Chouer, deen aus ongeféier 25 Leit besteet, huet sech am Ufank haaptsächlech mat Chouermusek aus der Renaissance an aus dem Barock ofginn.
Am Joer 1985 ass den Albert Dondelinger, éischte President vum Jubilate ginn. Den éischte Concert vum Jubilate war den 30. Juni 1985 an der Paterekierch an der Stad. Aktuell (Stand 2025) ass d'Claudette Meyers Presidentin. Jubilate Musica huet säi Sëtz an der Gemeng Nidderaanwen a prouft am Sall vun der aler Schoul zu Senneng.[1]
De Repertoire vum Jubilate huet sech mat der Zäit erweidert a geet haut vun Dowland, di Lasso, Bach, Mozart, Schubert bis zu Negro Spirituals an de Lidder vun de Comedian Harmonists.
Zënter Januar 2015 gëtt de Ensembel vum Nicolas Billaux geleet. Mat enger Virléift fir a cappella-Chouermusek kreéiert hien thematesch Programmer, déi zäitgenëssesch, klassesch a populär Musek zesummebréngen. Ënnert de Komponisten, déi present sinn, sinn Ola Gjeilo, Pärt Uusberg, Meredith Monk, Arvo Pärt, Veljo Tormis, Pierre Weber, Johannes Brahms, Anton Bruckner, W.A. Mozart, Jan Dismas Zelenka an Gregorio Allegri, souwéi Arrangementer vun traditioneller Musek aus Skandinavien, Osteuropa a Latäinamerika.
Concerten (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1987 Académie Internationale d'été de Wallonie
- 1988 Festival International vu Wolz
- 1989 Concerts de Berdorf
- 1995 Sechs verschidde Concerten zesumme mat dem Ensemble Baroque de Luxembourg mat Wierker vum Henri Purcell
- 1996 Festival vu Maarnech
- 2000 Concert zu Giisch am Kader vu Culture sans frontières
- 2005 Concert zesumme mat dem Cercle Symphonique de Rumelange
- 2010 Concert zu Hueschtert an zu Tréier zesumme mam Orchester Estro Armonico, der Chorale réunie Donven-Flaxeiler an der Chorgemeinschaft Trier-Heilgkreuz:
- Requiem (KV 626) vum Wolfgang Amadeus Mozart
Choirs for Ecocide Law
[änneren | Quelltext änneren]Fir säi 40. Anniversaire ze feieren, huet sech Jubilate Musica der internationaler Beweegung "Choirs for Ecocide Law"[2] ugeschloss. Deen internationale Chouerprojet, deen a Skandinavien entstanen ass, huet als Zil, d'Opmierksamkeet op d'Noutwendegkeet z'orientéieren, déi groussflächeg Ëmweltzerstéierung (Ekozid) zu engem internationale Verbriechen ze maachen.[3]
Bal 250 Sänger a Sängerinnen aus méi wéi 10 Chéier (Concordia – The Voices; Chœur éphémère de l'INECC; Chorale militante; Cours de chant choral pour adultes de l'UGDA; Home Sweet Home; Kammerchor Portavoci; EME-Chouer Op der Schock; Lycée Ermesinde Mersch; Lënster Ourewiirm) hu sech zesummefonnt fir déi 15 Lidder am Pop-, Jazz- a Rap-Stil zesumme mat professionelle Museker a Solistinnen opzeféieren. Déi zwéi Concerten goufen an engem besonnesche Kader organiséiert:[4]
Dirigenten
[änneren | Quelltext änneren]- Roland Kaber, Professer am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg
- Marie-Béatrice Nickers (interim)
- Philippe Barth, Dirigent a Sänger (Kontertenor)
- Burkhard Pütz, Dekanatskantor Tréier, vun 2006 bis 2014
- Nicolas Billaux, Dirigent a Museker, zanter 2015
- Jorge Alves (Gaaschtdirigent (2023 an 2026)
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]- CD mat der Missa Brevis in honorem Sancti Joannis Bosco an anere Wierker vum Lëtzebuerger Komponist Pierre Drauth (1997)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Jubilate Musica (al Websäit)
- https://jubilatemusica.lu/ (nei Websäit)
- https://www.youtube.com/@EnsembleVocalJubilateMusica (Account op Youtube)
