Jugendabo

Vu Wikipedia
Personaliséiert mKaart

De Jugendabo war e Joresabonnement fir Jugendlecher ënnert 20 Joer fir den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg.

De Jugendabo gouf den 1. August 2017 agefouert an huet domat zu engem gewëssen Deel d'Jumbokaart ersat. De Jugendabo huet all Jugendlechen ënner 20 Joer d'Méiglechkeet gi fir gratis, bannent engem Joer, onbegrenzt all Zuch- a Buslinnen zu Lëtzebuerg ze benotzen.

D'Kaart gouf vum Verkéiersverbond ausgestallt; se war als virtuellen Ticket op enger personaliséierter mKaart gespäichert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Public transport tickets of Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]