Jumbokaart

Vu Wikipedia
Jumbokaart (Modell 2008)

D'Jumbokaart war e Joresabonnement fir Jugendlecher fir den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg.

D'Jumbokaart gouf 1990 am Kader vun der Lëtzebuerger Tarifunioun am ëffentlechen Transport[1] agefouert. D'Kaart gouf de Jugendlechen ënner 20 Joer d'Méiglechkeet fir bannent engem Joer onbegrenzt all Zuch- a Buslinnen zu Lëtzebuerg ze benotzen. Ënner verschiddene Konditioune konnt een d'Jumbokaart och nach kréie wann ee méi al wéi 20 Joer war, z. B. wann een nach studéiert huet.

D'Kaart konnt bei den 3 Bedreiwer vum Persounentransport zu Lëtzebuerg (AVL, CFL, TICE) oder beim Verkéiersverbond bestallt ginn; se war mam Numm an der Foto vum Titulaire personnaliséiert a huet zanter dem 1. Januar 2013 75 fir ee Joer kascht[2].

Den Numm fir d'Jumbokaart war als Akronym vu JugendUMweltaBO entstanen.

Zanter dem 1. August 2017 gëtt keng Jumbokaart méi ausgestallt; si gouf ë. a. mam Jugendabo a mam Studentenabo ersat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Public transport tickets of Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Règlement ministériel du 30 novembre 1990 fixant les conditions tarifaires des services de transport public nationaux de voyageurs et de bagages op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 8. November 2014.
  2. Règlement ministériel du 19 décembre 2012 fixant les tarifs des transports publics op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 8. November 2014.