Pierre Jules César Janssen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jules Janssen)
Pierre Jules César Janssen
Gebuer 22. Februar 1824
Paräis
Gestuerwen 23. Dezember 1907
Meudon
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom, Fotograf, Physiker, Geolog, Erfinder, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Académie des sciences, Bureau des Longitudes, Accademia Nazionale dei Lincei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, Société astronomique de France

De Pierre Jules César Janssen, aner Aliassen : Pierre Janssen, Jules Janssen, Pierre Jules Janssen, gebuer den 22. Februar 1824 zu Paräis a gestuerwen den 23. Dezember 1907 zu Meudon war e franséischen Astronom.

De Janssen huet am Joer 1868 e Wee fonnt, fir d'Sonnekorona och ouni Sonnendäischtert z'observéieren. Am selwechte Joer huet hien och eent bis dohin onbekannt Element am Sonnespektrum entdeckt, den Helium. Onofhängeg vum Janssen – huet och den engleschen Astronom Norman Lockyer dëst Element fonnt.

Liewenslaf[änneren | Quelltext änneren]

1853 gouf de Janssen Coursen um Gymnasium vu Charlemagne. 1857 ass hie op Peru gereest fir de magneteschen Equator ze bestëmmen. 1859 huet en den Naturfuerscher Alfred Grandidier op enger Weltrees begleet, déi hien awer krankheetsbedéngt no sechs Méint huet missen ofbriechen. Vun 1861 bis 1862 souwéi 1864 ënnersicht hien d'Absorptioun vun Tellur am Sonnespektrum. Vun 1865 bis 1871 ënnerriicht de Janssen an enger Architekteschoul. Am Joer 1867 mécht en optesch a magnetesch Experimenter op den Azoren.

Am Joer 1868 weist de Janssen d'gasaarteg Natur vun der rouder Sonnekorona an entwéckelt eng Method, fir d'Korona och z'observéieren, wa keng Sonnendäischtert do ass. Eng änlech Method huet am selwechte Joer och den Norman Lockyer; an e Joer méi spéit de William Huggins an de Karl Friedrich Zöllner fonnt.

Den 18. August 1868 war an Indien eng total Sonnendäischtert ze gesinn. Si gouf vu franséischen Astronomen observéiert, dorënner och de Janssen, wéi och vu britteschen, dorënner den Norman Lockyer. Bei der Auswäertung hunn allen zwéi gläichzäiteg, awer onofhängeg vuneneen, en neit onbekannt Element entdeckt. Et huet sech duerch eng hellgiel Linn mat enger Wellelängt vu 587,49 Nanometer am Spektrum vun der Chromosphär vun der Sonn bemierkbar gemaach. De Lockyer (an de Edward Frankland) hunn den Numm Helium fir dat neit Element virgeschloen.

Observatoire vu Meudon

1870 huet de Janssen dat belagert Paräis (1870–1871) mat engem Ballon verlooss, well hien am algeereschen Oran eng Sonnendäischtert observéiere wollt. 1873 gouf de Janssen an d'Académie des sciences gewielt; an der Accademia dei Lincei zu Roum war hie schonn zanter Juni 1872 Member. 1874 ass hie fir d'Observatioun vum Venusduerchgang a Japan gereest. 1875 gouf hien Direkter vum neien astrophysikaleschen Institut zu Meudon. 1876 sinn him wonnerbar Sonnefotoe gelongen, déi hien 1904 am Atlas de photographies solaires publizéiert huet. 1882 observéiert de Janssen zu Oran de Venusduerchgank. 1887 mécht hie Sonnenobservatiounen um Pic du Midi de Bigorre an de Pyrenäen. Am September 1893 ass en op de Mont Blanc geklommen an ass véier Deeg laang op der Spëtzt bliwwen, fir d'Sonn z'observéieren. D'Zil war, fir erauszefannen, ob d'Sonn och Sauerstoff opweist. Dofir gouf spéider den Observatoire op dem Mont Blanc opgeriicht. 1896 huet hien den éischten Deel vun den Annales de l'observatoire de Meudon erausginn.

E Marskrater an e Krater um Äerdmound goufen him zu Éiere "Janssen" genannt.

De Jules-Janssen-Präis ass déi héchst Auszeechnung vun der franséischer Gesellschaft fir Astronomie.

Sonnendäischtertexpeditiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Janssen huet un en ettleche Sonnendäischtertexpeditiounen deelgeholl:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jules Janssen – Biller, Videoen oder Audiodateien