Julia Holbe

Vu Wikipedia
Julia Holbe
Gebuer 21. Juli 1969
Frankfurt am Main
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Goethe-Universitéit Frankfurt,
Europäesch Schoul
Aktivitéit Schrëftsteller

D'Julia Holbe, gebuer den 21. Juli 1969 [1] zu Frankfurt am Main, ass eng lëtzebuergesch Lektorin a Schrëftstellerin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Si ass an d'Europaschoul zu Lëtzebuerg gaangen an huet vun 1990 bis 1995 Germanistik, Romanistik an Anglistik op der Goethe Universitéit zu Frankfurt am Main studéiert. Vun 1997 bis 2016 huet si als Lektorin beim S. Fischer Verlag geschafft, wou si sech ëm Kanner- a Jugendbicher souwéi international Literatur bekëmmert huet. Zënter 2016 schafft si als Freelancelektorin a Schrëftstellerin. Hiren éischte Roman Unsere glücklichen Tage gouf am Joer 2020 verëffentlecht.

Si lieft zu Frankfurt am Main an an der Bretagne[2]. Si ass d'Duechter vum Fernsehmoderator an Auteur Rainer Holbe.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. https://www.autorenlexikon.lu/page/author/114/11459/DEU/index.html
  2. https://www.penguinrandomhouse.de/Autor/Julia-Holbe/p688623.rhd#