Op den Inhalt sprangen

Jyrki Katainen

Vu Wikipedia
Jyrki Katainen
Gebuertsnumm Jyrki Tapani Katainen
Gebuer 14. Oktober 1971
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Politiker

De Jyrki Katainen, gebuer de 14. Oktober 1971 zu Siilinjärvi, ass e finnesche Politiker. Hie war vum Juni 2011 bis de Juni 2014 finnesche Ministerpresident a vum 1. November 2014 bis den 30. November 2019 Member a Vizepresident an der Europäescher Kommissioun ënner der Presidence vum Jean-Claude Juncker, responsabel fir Aarbecht, Wuesstem a Kompetitivitéit.

De Jyrki Katainen huet op der Universitéit Tampere studéiert. Hien ass Member vun der konservativer Nationaler Sammlungspartei, där hire President en 2004 gouf.

Vun 1993 bis 2014 war de Katainen Member vum Gemengerot vu Siilinjärvi. 1999 gouf hie fir d'éischt als Deputéierten an d'Finnescht Parlament gewielt. Den 19. Abrëll 2007 gouf hie Finanzminister an delegéierte Ministerpresident an der Regierung vun der Ministerpresidentin Mari Kiviniemi. Bei de Parlamentswalen 2011 huet d'Sammlungspartei ënner senger Presidence mat 20,4 Prozent vun de Stëmme gewonnen a gouf déi stäerkst Partei am Parlament. Den 22. Juni 2011 gouf e vum Parlament zum Ministerpresident gewielt. Am Abrëll 2014 huet hien ugekënnegt, am Juni 2014 ee Joer virun der nächste Parlamentswal zeréckzetrieden. De 24. Juni 2014 gouf den Alexander Stubb säin Nofollger.

Commons: Jyrki Katainen – Biller, Videoen oder Audiodateien