Kaalmes
Kaalmes | |
---|---|
Zu Kaalmes Um Wäschbuer (2009). D'Haaptstrooss a Richtung Iener gekuckt. | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Calmus de: Kalmus |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Sëll |
Buergermeeschter | Gérard Zoller |
Awunner | 90 |
Juli 2006 | |
Koordinaten |
49° 43’ 30’’ N 5° 57’ 47’’ O |
Kaalmes ass eng Uertschaft an der Gemeng Sëll.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Kaalmes ass eng Uertschaft déi landwirtschaftlech markéiert ass. D'Wisen an d'Akerfläche breede sech haaptsächlech no Westen an no Norden aus, am Osten an Nordoste läit de grousse Bësch Härel mat dem Ditzebierg eng 376 m héich Kopp, an dem Kuelebierg mat 378 Meter. Am Süde stéisst d'Gewan un d'Läichenhiel e laangen Hank dee sech bis op Iener zitt.
Iwwer de Flouer vu Kaalmes an deelweis laanscht d'Sektiounsgrenz leeft d'Hasselbaach, déi am Norde vu Kaalmes an d'Schweebech leeft.
D'Uertschaft ass un de Verkéier ugeschloss iwwer den CR301, an e Feldwee deen op Kapweiler féiert.
Am Westen, am Dall vun der Hasselbaach läit d'Kaalmesser Millen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Ënner dem Wëllem II. goufen den 8. August 1822 d'Gemenge Sëll a Kaalmes per Dekreet fusionéiert.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Kaalmes
- Bemierkenswäert Eech op Béik
- Restauréierte Wäschbuer am Duerfzentrum
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kaalmes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Fotoen
[änneren | Quelltext änneren]-
Den ale Wäschbuer am Duerfzentrum
-
De Wäschbuer vu bannen
-
Lieu-dit Béik, mat der gefaasster Quell an der bemierkenswäerter Eech