Op den Inhalt sprangen

Kierch Kaalmes

Vu Wikipedia
Kierch vu Kaalmes
Filialkierch vu Kaalmes (2013)

Filialkierch vu Kaalmes (2013)
Filialkierch vu Kaalmes (2013)
Uertschaft / PlazKaalmes
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Antonius
Konsekratioun 1859
Desakraliséiert Abrëll 2025
Baujoer 1857
Koordinaten 49° 43’ 29.7’’ N
      05° 57’ 45.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Kaalmes war eng kathoulesch Kierch, déi bis zu hirer Entweiung am Abrëll 2025[1] zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Sëll gehéiert huet.

De Patréiner war den hellegen Antonius de Klausener, deem säi Fest de 17. Januar gefeiert gëtt.

D'Gebai steet zentral an der Uertschaft an der Haaptstrooss, dem CR301.

Zur fréierer Par Simmer hunn ausser der Filialkierch zu Kaalmes och nach d'Parkierch vu Simmer an d'Kapell vun Iener gehéiert.

Am Joer 1856 ass mam Bau vun der Kierch vu Kaalmes ugefaange ginn fir e méi klenge Bau z'ersetzen deen awer op enger anerer Plaz stoung. Den Altor vun der aler Kierch gouf iwwerholl an déi nei. D'Kierch gouf am Joer 1859 konsekréiert.

1911 krut d'Kierch nei Fënsteren a 1997 gouf se restauréiert.

Lëscht vun de Kapléin, déi zu Kaalmes gewierkt hunn

[änneren | Quelltext änneren]
  • Albert Becker, Kaploun zu Kaalmes 03.02.1945 (†)
  • Nic Dostert, Kaploun zu Kaalmes 04.04.1945

D'Klacke vun der Kaalmesser Kierch lauden am Schlagtoun mi bémol an do dièse oder och dis an cis genannt.

 Commons: Kierch Kaalmes – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Äerzbëscheeflechen Dekreet vum 14.04.2025